Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Personaldelegatioun vum TICE stellt Streik an Aussiicht

Mobilitéit

Personaldelegatioun vum TICE stellt Streik an Aussiicht

Beim TICE kënnegt sech méiglecherweis ee Streik un: D‘Personaldelegatioun vum Bus-Reseau vun de Südgemenge schléit an engem Schreiwes Alarm iwwer d‘Aarbechtskonditiounen. Déi nei Déngschtpläng wieren net méi anzehalen an et kéim zu massiven Ausfäll vu Faarten a Retarde beim TICE-Reseau.

auto_stories

1 min

Dat géif alles zu engem immensen Drock beim Personal féieren, heescht et. D‘Direktioun vum TICE géif de Problem net ugoen an d‘Konventiounsverhandlungen als Excuse an de Vierdergrond stellen, mee dat Argument wéilt een net méi gëlle loossen, esou d‘Personaldelegatioun, a stellt ee Streik an Aussiicht.