Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flughafen Köln-Bonn: Fënnef Klimaaktivisten hu Fluchverkéier blockéiert

Op Rollpist gepecht

Flughafen Köln-Bonn: Fënnef Klimaaktivisten hu Fluchverkéier blockéiert

De Moien hu Klimaaktivisten de Flughafe Köln/Bonn blockéiert. Fënnef Aktivisten hate sech wärend dräi Stonnen op der Pist festgepecht. Ronn 25 Flich wiere vun der Aktioun betraff gewiescht.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Uncredited

Géint 9 Auer hätt sech d’Situatioun nees lues a lues normaliséiert, schreift déi däitsch Noriichtenagence.

Déi däitsch Regierung dreet elo mat méi haarde Strofe fir esou Aktiounen. Et wier eng Plainte gemaach gi wéinst Verstouss géint d’Versammlungsgesetz, geféierlechem Agrëff an de Loftverkéier an Hausfriddensbroch, esou eng Spriecherin vun der Police. Et misst och gekläert ginn, wéi d’Aktiviste konkret op d’Piste komm wieren.