Radioen

On air

Simon Says  |  Ian Pooley - Venasque

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Haus vum Vëlo: Selwer flécke léieren

Alternativ Mobilitéit

Haus vum Vëlo: Selwer flécke léieren

Säi Vëlo selwer flecken an dobäi vun engem Expert gehollef kréien. Dat offréiert d‘Haus vum Vëlo, dat sech virun e puer Wochen an der Gare um Belval installéiert huet. Et geet virun allem drëms, d’Leit op hirem Wee an déi alternativ Mobilitéit ze ënnerstëtzen. 

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Haus vum Vëlo | © Jacques Ganser play_arrow
Foto: Jacques Ganser

De 15. Juni huet an der Gare um Belval d’Haus vum Vëlo seng Dieren opgemaach. Den Escher "Collectif Citoyen pour le climat" an "Vélorution“ stiechen hannert dëser Iddi. 

Eng Plaz fir sech ze treffen an ze diskutéieren

Eigentlech sinn et zwee kleng Kiosken op der Gare um Belval, déi fir dësen Zweck extra equipéiert gi sinn. De Jean Larock empfänkt d’Leit, déi dohi kommen. Mat der Maison du Vëlo wollten d‘Vëlsoaktivist:inne vu Velorution an Escher Klimaaktivist:inne de Leit eng Plaz ubidden, wou si hir Vëloe selwer kënne reparéieren.

„Mir hu geduecht, mir hätte gär eng Plaz, wou mir eis kënnen treffen, diskutéieren, Projete maachen a sou weider. An dann ass d’Iddi gebuer: Mir brauchen en Haus vum Vëlo.“

"Selwer maachen"

Fir eng Memberskaart vun 30 Euro kann ee mat sengem Vëlo op d‘Plaz kommen a vum gutt equipéierten Atelier profitéieren. De Prinzip ass deen, datt d‘Leit léieren, hire Vëlo ze reparéieren. "Selwer maachen" ass den Devis.

Den Atelier ass gutt equipéiert. | © Jacques Ganser
Den Atelier ass gutt equipéiert. (Foto: Jacques Ganser)

Berode loosse kann ee sech da vum Vincent Muller. Hien huet fréier als Mecanicien bei enger Profiekipp geschafft. Elo hëlleft hie fräiwëlleg mat Rot an Dot aus.

Bis ewell positive Bilan 

De Betrib, deen ënner anerem vun den Oeuvre Grande Duchesse Charlotte an de Membere finanzéiert gëtt, leeft, betount de Jean Larock.

„On est ouvert tous les jours en fin de journée de 17 heures à vingt heures et à chaque fois, il y a plusieurs personnes qui viennent nous rendre visite avec une question ou un vélo à réparer.“

Bis Enn dës Joers wëll een de Bilan maachen. Bis elo allefalls ass dee ganz positiv.

Lauschteren

Aktualitéit
Mobilitéit