D‘Funktioune vum Regierungschef wieren net kompatibel mam Verdacht vu Korruptioun.
Do virdrun hat d‘Police haut Perquisitiounen an der Residenz vum Premier an an zwee Ministèrë gemaach. Portugisesche Medie no wiere fënnef Leit festgeholl ginn, dorënner och dem Premier säi Chef de Cabinet. Den Infrastrukturminister Joao Galamba gouf sengersäits inculpéiert.
Et besteet Verdacht vu Korruptioun bei Ausschreiwunge fir d‘Exploitatioun vu Lithium, deen an Elektro-Autoe-Batterie gebraucht gëtt; a fir d‘Produktioun vu gréngem Waasserstoff a Portugal.