Radioen

On air

Concert  |  Een Owend an der Elbphilharmonie mat franséischem Impressionismus

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ D'Gewerkschaften iwwer d'CNS-Reserven: De Staat misst verschidde Käschten iwwerhuelen

Gesondheetssystem

D'Gewerkschaften iwwer d'CNS-Reserven: De Staat misst verschidde Käschten iwwerhuelen

Den Negativtrend am Budget vun der CNS geet weider: Den aktuelle Previsiounen no ginn d’Reservë just nach bis 2027 duer fir den Defizit ze decken, heescht et vu Membere vum Verwaltungsrot, déi de Mëttwoch zesumme ware fir déi aktuell Zuelen ze analyséieren. Dat heescht also, an den nächste Jore misst eng Léisung fonnt gi fir d’Finanzéierung vun der CNS ze garantéieren.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Arne Dedert

Wann d’Reserven ënnert ee gesetzlech festgeluechte Seuil vun 10 Prozent falen, da musse Mesurë geholl gi fir de Finanzement vum Gesondheetssystem ze garantéieren. Dat kéint bedeiten d’Cotisatiounen an d’Luucht ze setzen, Leeschtunge vun der CNS ze kierzen, oder datt de Staat méi Steiergelder an d’Gesondheetskees misst bäileeën.

Gewerkschafte widderhuele sech

D’Gewerkschafte soen op Nofro hin, hirer Meenung no misst de Staat verschidde Käschten iwwerhuelen, déi den Ament vun der CNS finanzéiert ginn, erkläert zum Beispill de Pitt Bach vum OGBL.

“Eng Maternité, also eng Koppel déi e Kand kritt, dat ass keng maladie, an dofir huet déi Depense eigentlech och näischt an der assurance maladie verluer. Dat géif eis erméiglechen, vill Suen ze spueren, an d’Finanzsituatioun vunder CNS sécher ze positionéieren.”

Zënter dem Ufank vun der Pandemie géing ee sech do awer e bësse widderhuelen, seet och de Christophe Knebeler vum LCGB.

"En gros ass et vu Gewerkschaftssäit ganz kloer, dass mir misste gewëssen Upassunge maachen, wat d'Depensen ugeet, respektiv d'Recettë vun der CNS, awer net am Sënn, dass mir bei den Assuré ginn an do d'Prestatioune beschneiden oder d'Prestatiounen erhéijen, mee am Sënn, dass ee kuckt, verschidden Upassungen ze maachen."

UEL mat der Propos averstaanen

Mat dëser Propos vun de Gewerkschafte wier d’Patronat prinzipiell averstan, gëtt de Marc Wagener vun der UEL ze verstoen. Eng Maternité wier keng Krankheet an dofir géif et u sech kee plausibele Grond ginn, datt dat vun der CNS ofgewéckelt misst ginn. De Member vum Verwaltungsrot vun der CNS an Direkter vun der UEL huet dës Propos fir de Budget vun der CNS ze entlaaschten trotzdeem als net esou einfach an der Ëmsetzung beschriwwen.

“Do si mir e bëssen an der Diskussioun, déi mir och bei de Pensiounen hunn. Wa mir da soen, de Staat soll et selwer finanzéieren, och de Staat muss d’Sue jo iergendwou hierhuelen. Dat ass villäicht gutt gemengt fir de Budget ze entlaaschten, mee d’Käschte verschwanne jo net."

De Marc Wagenerplay_arrow

Wann een dat esou maache wéilt, misst een dat holistesch kucken, seet de Marc Wagener, "datt de Staat et awer och ka bezuelen, an de Staat huet jo och en Defizit a sengem Budget.”

LCGB: Weider Sue kënne gespuert ginn

An de Christophe Knebeler vum LCGB gesäit nach weider Plazen op deenen ee kéint Sue spueren.

"Déi selwecht Fro stellt sech zum Beispill wann et drëms geet fir Spidoler ze bauen, wou och eng CNS sech muss finanziell engagéieren."

Wa weider Mesurë géifen néideg ginn, kéim fir den OGBL an den LCGB just eng Cotisatiounshausse a Fro, well deen Effort da solidaresch géif vun all den Assuréeë gedroe ginn. De Verwaltungsrot vun der CNS soll den 13. November iwwert de Budget fir d’nächst Joer ofstëmmen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet
Politik a Gesellschaft