Déi Ausschreiwung geet zréck op 2019. Reporter.lu hat gemellt, datt een externe Beroder um Text vun der „offre public“ matgeschriwwen hat an och um Auswielverfahre bedeelegt war. 2023 huet dee selwechte Beroder den LNS nach eemol an deem Dossier begleet. Doropshi war eng intern Enquête duerchgefouert ginn, an déi hätt erginn, datt et effektiv Onreegelméissegkeete goufen.
Et geet ëm d‘Firma Abakus, déi schlussendlech de Marché public och net kritt huet. Zanter engem Joer géif den LNS och elo eng strukturéiert Kontroll duerchféieren, fir méiglech Interessekonflikter tëschent de bedeelegte Firmen u Marchéen erauszefilteren, sou nach d‘LSAP-Ministesch.