Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Mac Miller - 5 Dollar Pony Rides

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Si vill Zebrasträifen net esou sécher, wéi se misste sinn?

Verkéierssécherheet

Si vill Zebrasträifen net esou sécher, wéi se misste sinn?

Bidden Zebrasträifen net déi Sécherheet, déi se Foussgänger eigentlech solle bidden? No rezenten Accidenter hei am Land stellt sech déi Fro. Fir d'Presidentin vun der Sécurité routière ass et awer net nëmmen eng Fro vun der Infrastruktur, mee och vun der Vitess.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Gëschter um Mëttwoch ass op en Neits e Foussgänger ëm d'Liewe komm. Zu Réimech ass ee 85 Joer ale Mann op enger Kräizung vun engem Camion iwwerrannt ginn an ass nach op der Plaz vum Ongléck gestuerwen. Wat genee geschitt ass, dat muss d'Enquête nach weisen.

Op de Biller vun der Plaz gesäit een awer, datt den Accident an der direkter Noperschaft vun engem Zebrasträife geschitt ass. Genee wéi d'lescht Woch zu Huldang, wou zwou Persounen an der Géigend vun engem Supermarché ugestouss gi waren. Si verschidden Zebrasträifen am Land also net esou sécher, wéi se misste sinn?

Och Zebrasträife sinn Infrastruktur

D'Direktesch vun der Sécurité routière, d'Isabelle Medinger, seet, et géife sech effektiv net ëmmer déi richteg Froe gestallt ginn, wann Zebrasträifen amenagéiert ginn. Et misst als Infrastruktur gesi ginn, déi op déi jeeweileg Plaz muss ugepasst ginn.

“Dat geet u mat der richteger Wiel vun der Plaz, wou den Zebrasträifen iwwerhaapt ass, wou ee sech e puer Froe muss stellen, ob se opportun sinn op där Plaz, wéi d'Visibilitéit do ass, wéi d'Vitess ass, wéi de Flux och ass, wéi vill Verkéier ass.”

D'Krittären, op déi ee misst oppassen, hätt den zoustännege Ministère och an enger Broschür festgehalen, an awer géifen d'Gemengeresponsabel an och déi staatlech Servicer sech net ëmmer un déi Virgaben halen.

D'Isabelle Medinger ass Direktesch vun der Sécurité routière. | © Chris Zeien
D'Isabelle Medinger ass Direktesch vun der Sécurité routière. (Foto: Chris Zeien)

Verschidde Sécherheetsmesuren

Wann een Zebrasträifen ugeluecht gëtt, muss als éischt op d’Breet vun der Strooss gekuckt ginn, erkläert d’Isabelle Medinger am 100,7-Interview. Jee no deem muss dann nämlech eng Tëscheninsel gebaut ginn. Da gëtt gekuckt, wéi d’Siichtverhältnisser sinn. Dat souwuel fir de Foussgänger, wéi awer och fir de motoriséierte Verkéiert.

“Muss do eng Luuchtenanlag sinn? Ass et mat Drécken oder ass et automatesch? Dat sinn déi Krittären, déi ee sech muss stellen. Natierlech ass ëmmer dat Bescht, dass eng Mëttelinsel do ass, dass een net an engem ganze Stéck muss d'Strooss iwwerschreiden.”

Besonnesch bei Zebrasträife baussent den Uertschafte spillen esou zousätzlech Sécherheetsmesuren eng wichteg Roll, seet d'Directrice vun der Sécurité routière. Op enger Achse, déi vill befuer ass, wou beispillsweis Tempolimitt 70 gëllt, do wier een Zebrasträifen net onbedéngt opportun, wann en net korrekt amenagéiert ass, esou d’Isabelle Medinger. Zousätzlech Mesurë wieren an deem Fall faarweg Sträifen

Wéi eng Roll spillt d'Vitess?

Nieft der Infrastruktur beim oder ronderëm den Zebrasträife gesäit d'Isabelle Medinger awer nach een anere Facteur, deen decisiv dofir ass, ob Foussgänger ugestouss ginn oder eben net: Dat ass d'Vitess.

“Dofir plädéiere mir jo net fir näischt fir 30 innerorts, well do sinn d'Chancen, een Accident oder eng Kollisioun mat engem motoriséierte Gefier ze iwwerstoen, vill méi grouss.”

Nei ass déi Fuerderung vun der Sécurité routière net. Déi meescht Parteie bleiwen awer skeptesch, wann et drëm geet, se ëmzesetzen.

D'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes hat nach d'lescht Woch ausgeschloss, datt do vum Staat aus eng Obligatioun géif imposéiert ginn. Dat missten d'Gemenge schonn autonom decidéieren, wa si et da maach wëllen.

Lauschterenplay_arrow