Den Titel vun der Ekipp vum Joer war iwwerdeems kloer fir d‘Fussballnationalekipp, dat virum Dëschtennisdubbel Ni Xialian a Sarah de Nutte. An Trainer vum Joer gouf schliisslech nach den Trainer vun der Fussballnationalekipp, de Luc Holtz.
/ Patrizia Van der Weken a Leandro Barreiro ginn ausgezeechent
D‘Liichtathletin Patrizia Van der Weken ass Sportlerin vum Joer. Si gouf gëschter Owend vun der Lëtzebuerger Sportspress mat deem Titel belount a koum dobäi virun d‘Triathletin Jeanne Lehair. Bei den Häre war den Titel fir de Fussballer Leandro Barreiro, dat virum Sprangreider Victor Bettendorf.
1 min