Radioen

On air

Notturno  |  Cloth - Never Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Parquet zu Dikrech mécht de Point

Mord u portugiesescher Fra

Parquet zu Dikrech mécht de Point

De Parquet vun Dikrech mécht an engem Communiqué de Point zu der Mordaffär un enger 40 Joer aler Fra vu portugisescher Origine.

auto_stories

1 min

Hir Läich war de 19. September vum leschte Joer am franséische Mont Saint Martin zerstéckelt fonnt ginn. An der Suite war een 48 Joer ale Mann festgeholl an ugeklot ginn.

Bis haut goufen eng 30 Proces-verballen an Rapporte vun der Police erstallt, dobäi kommen eng 20 juristesch Expertisë souwéi Ufroen un d'Justiz am Marokko, Frankräich, der Belsch an Däitschland. 

Am Juli vun dësem Joer gouf och den Tatort nach emol inspizéiert. Dem Parquet no wier d'Instructioun nach net ofgeschloss, wéinst dem Untersuchungsgeheimnis kéinten och keng weider Detailer matgedeelt ginn. Et gëllt wéi an alle Fäll d'présemption d'innocence.