Police saiséiert méi wéi 1.700 Cannabisplanzen am Norde vum Land
De Parquet mellt eng gréisser Saisie vun iwwer 1.700 Cannabisplanzen. Enn leschte Mount am Norde vum Land bei der belscher Grenz goufen déi an engem Eefamilljenhaus beschlagnaamt. Zwee Verdächteger, déi am Haus gewunnt a keng Openthaltsgeneemegung hunn, si festgeholl ginn.
Een Deel vun de saiséierte Cannabisplanzen (Foto: Lëtzebuerger Justiz)
Déi presuméiert Täter sinn an Untersuchungshaft komm. Der Enquête vun der Police judiciaire no wieren déi Ugeklot Deel vun enger Drogeband.
D‘Enquête leeft dofir weider, ënnert anerem fir eventuell weider Verdächteger ze ermëttelen. De Proprietär vum Haus hat eng Denonciatioun gemaach. D‘Haus gouf un een Auslänner verlount. D‘Planze goufe bannent dem Haus kultivéiert, heescht et nach am Communiqué.