search

/ Parlamentswalen a Bulgarien: Russlandfrëndlech Allianz krut absolut Majoritéit

Europa

|
reading time

1 min

Parlamentswalen a Bulgarien: Russlandfrëndlech Allianz krut absolut Majoritéit

Bei de virgezunnene Parlamentswalen a Bulgarien huet d‘Allianz vum fréiere President Rumen Radew gewonnen. D‘Stëmme sinn elo quasi ganz ausgezielt, an d‘Allianz "Progressiivt Bulgarien", déi als russlandfrëndlech gëllt, kënnt op bal 45 Prozent. 

reading time

1 min

Dem fréiere President Rumen Radev seng Allianz läit no Héichrechnunge vir | © EPA/BORISLAV TROSHEV
Dem fréiere President Rumen Radev seng Allianz läit no Héichrechnunge vir (Foto: EPA/BORISLAV TROSHEV)

De Rumen Radew war am Januar als President zeréckgetruede fir bei dëse Wale kënnen ze kandidéieren. Am Walkampf hat hien de Kampf géint d‘Korruptioun als eng vu senge Prioritéite genannt.

Hie sot e wéilt e staarkt Bulgarien an e staarkt Europa, mee och en Dialog mat Moskau. Hien hat ugekënnegt, sech net wëlle finanziell un de Militärhëllefe fir d‘Ukrain ze bedeelegen. D‘EU- an Nato-Memberland Bulgarien géif déi Hëllefen awer net duerch e Veto blockéieren.