Radioen

On air

Notturno  |  Ruth Garbus - Mono No Aware

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Messerattack zu Paräis: Och den däitsche Parquet mécht eng Enquête op

Däitschen Tourist gouf blesséiert

Messerattack zu Paräis: Och den däitsche Parquet mécht eng Enquête op

No der déidlecher Attack leschte Sonndeg virum Eiffeltuerm zu Paräis, huet elo och den däitsche Parquet eng Enquête opgemaach.

auto_stories

1 min

Police Frankräich | © Flickr
Police Frankräich (Foto: Flickr)

Ee Mann hat e Samschdeg een 23 Joer alen däitschen Tourist mat engem Messer däitlech blesséiert. De presuméierten Täter, ee 26 Joer ale Fransous mat iraneschen Originen, war der Police bekannt, well hie sech radikaliséiert hat, hien hat och psychesch Stéierungen. 

De Mann war 2016 scho véier Joer am Prisong, well hien eng Attack am Paräisser Geschäfts-Quartier la Défense geplangt hat. Zanterhier wier hien och a psychiatrescher Behandlung gewiescht.

Seng Mamm hat sech Enn Oktober bei der Police gemellt, well si sech Suergen iwwert hire Jong gemaach hat, well dee sech rëm ganz zeréckgezunn hätt. D‘Police hat awer näischt dorobber ginn.

De franséischen Inneminister Gérald Darmanin huet de Moie gesot, datt een net kéint vun engem Versoe vun der Police schwätzen, mee datt d‘Versäumnisser éischter bei der Psychiatrie léichen.