Radioen

On air

Notturno  |  Einstürzende Neubauten - Youme & Meyou

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi israeelesch Arméi huet de Krichszoustand ausgeruff

Gazasträif

Déi israeelesch Arméi huet de Krichszoustand ausgeruff

Déi israeelesch Arméi huet de Moien de Krichszoustand ausgeruff. Dat no massiven Attacken hënt vu militante Palestinenser aus der Gazasträif.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
(Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

"Bierger, mir sinn am Krich.", huet den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu de Moie per Video Message senge Landsleit matgedeelt. Israel reagéiert domat op iwwerraschend Attacke vun hënt, mat honnerte Rakéiten anoch dem Andrénge vun arméierte Kämpfer aus der Gazasträif Richtung Israel.

D‘Hamas hätt de Krich géingt Israel ugefaange sot de Moien den israeelesche Verdeedegungsminister. Mam Krichszoustand kann déi israeelesch Arméiaussergewéinlech Schrëtt an d‘Weeër leeden, notamment och Reservistemobiliséieren.

An der Gazasträif hunn de Moie militant Palestinenser iwwerraschend Dosende Rakéiten a Richtung Israel geschéckt: eng Partie Leit sollen dobäi blesséiert gi sinn.

Wann de massiven Ugrëff och de Moien iwwerraschend koum, esou huet d‘Situatioun am Westjordanland sech an der Läscht zougespëtzt. Zanter en Donneschdeg si véier Palestinenser bei Uschléi oder Konfrontatioune mat der israeelescher Arméi ëm d‘Liewe komm. 

Déi palestinensesch Attacke vun Israel gi vu villen Säite condamnéiert. Esou vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen. Si huet iwwer X matgedeelt, datt een et hei mat Terrorismus ze doen hätt, deen ze verurteele wier.