Radioen

On air

Notturno  |  Nick Drake - Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ PIBien-être: Eng Ergänzung zum klassesche PIB

STATEC

PIBien-être: Eng Ergänzung zum klassesche PIB

De sougenannte "PIBien-être“ huet d'Zil d‘Wuelbefannen an der Populatioun zu Lëtzebuerg ze erfaassen. D‘Regierung wëllt dat Instrument an déi politesch Debatt integréieren an envisagéiert eng méi performant Methodologie. De Rapport fir 2023 vum STATEC läit elo vir.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Analyséiert goufen dofir 21 Indicateuren aus zéng Beräicher, an allkéiers hir Effekter op d’Wuelbefannen. De “PIBien-être” soll dat klassescht Moosse vun der Wirtschaftsleeschtung pro Kapp ergänzen.

Parallelismus mam PIB

Den éischte Rapport iwwer dëse “PIBien-être” hat de STATEC 2017 verëffentlecht. Elo läit deen neie vir, an de STATEC-Direkter weist sech iwwerrascht.

"Wat mech am meeschte frappéiert huet, dat ass dee Parallelismus mam PIB par tête réel. Eppes wat ech bis elo net esou gesinn hat.“

Dat géif engem ze denke ginn, well et een Instrument wier, fir iwwer d‘Qualitéit vum Wuesstem ze urteelen.

"A fir mech déi grouss Erkenntnis ass, datt een eigentlech et misst fäerdeg bréngen, engersäits de PIB par tête ze hiewen - well e stagnéiert, dat ass fir mech elo net een Ideal.“

D‘Qualitéit vum Wuesstem muss klammen

Gläichzäiteg misst doru geschafft ginn, fir datt d’Qualitéit vum Wuesstem eropgeet, analyséiert de Serge Allegrezza.

"Dat heescht eisen LIW (Luxembourg Index of Well-being), eisen Indicateur de bien-être, datt dee muss ugepaakt ginn, datt deen och eropgeet, fir datt een dee Parallelismus ka bäibehalen.“

Zefriddenheet op der Aarbecht

Ee vun de Beräicher, deen ënner d’Lupp geholl gouf, ass dee vun der Zefriddenheet mat der Aarbecht, déi hei am Land op engem ganz héijen Niveau läit, esou d’Anne Hartung vum STATEC.

"Wir haben 86 Prozent der ansässigen Arbeitnehmer, die zufrieden sind mit dem Job und 70 Prozent die sagen, dass sie ein angemessenes Gehalt beziehen.“

Méi héijen Ofschloss, manner zefridden

De STATEC huet och erausfonnt, datt Leit mat engem Unisdiplom manner zefridde sinn, wéi Leit mat engem manner héijen Ofschloss. Dat hätt een iwwerrascht, erkläert d‘Anne Hartung.

"Wir sind dann noch einen Schritt weitergegangen und haben herausgefunden, dass das in internationalen Studien eigentlich bestätigt wird, dass die Leute mit höheren Bildungsabschlüssen auch Jobs haben, die eigentlich herausfordernder sind, die stressiger sind.

Verschlechterung am Logement

A sengem neie Bericht stellt de STATEC eng Verschlechterung am Beräich vum Logement fest. Den Undeel vum disponibelen Akommes, dee fir d’Wunne muss ausgi ginn, ass bannent fënnef Joer vu knapp 20 op gutt 30 Prozent geklommen.

Eng Verbesserung gouf am Beräich Ëmwelt festgestallt, ënner anerem well d’CO2-Emissiounen zanter 2010 däitlech zeréckgaange sinn.

Diskussiounen ureegen

Den Direkter vum STATEC wënscht sech, datt den neie Rapport iwwer de “PIBien-être” Diskussioune soll ureegen. Fir de Serge Allegrezza ass et elo un der Politik ze decidéieren, wéi se deen asetzen.

Déi dräi éischt STATEC-Rapporten zum Theema hätte schonn eng Debatt bewierkt, erkläert den Direkter vum Institut. Och wann dat seng Zäit braucht.

Lauschterenplay_arrow