Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ PES confirméiert: Nicolas Schmit gëtt Spëtzekandidat fir d’Europawalen 2024

Europawalen

PES confirméiert: Nicolas Schmit gëtt Spëtzekandidat fir d’Europawalen 2024

Den Nicolas Schmit ass nominéiert fir Spëtzekandidat vun den Europäesche Sozialiste fir d’Europawalen ze ginn. Dat huet d’”Partei vun den Europäesche Sozialisten” haut matgedeelt. Hie war deen eenzege Kandidat, dee sech an enger interner Prozedur gemellt hat.

auto_stories

1 min

De Lëtzebuerger LSAP-Politiker an aktuellen EU-Kommissär fir d’Aarbecht a Soziales géif d’Critèren erfëllen, déi an där Prozedur virgesi sinn, confirméiert de Generalsekretär vum PES, den Giacomo Filibeck, an engem Communiqué.

Den Nicolas Schmit wier vun der Lëtzebuerger LSAP nominéiert ginn an hätt och deen néidege Support vun anere Memberparteie vum PES.

Um Parteikongress am Mäerz soll dann de fréiere Lëtzebuerger Aarbechtsminister offiziell als europäesche Spëtzekandidat vum PES presentéiert ginn.