Radioen

On air

Notturno  |  Meernaa - A Promise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Overshoot Day: A wann d'Kreeslafwirtschaft d'Léisung wier?

Expo zu Wolz

Overshoot Day: A wann d'Kreeslafwirtschaft d'Léisung wier?

Haut um 20. Februar huet Lëtzebuerg säin Overshoot Day. Dat heescht, datt all déi natierlech Ressource fir dëst Joer schonn no knapp siwe Woche verbraucht sinn. Kann den eenzele Bierger zu Lëtzebuerg eppes dozou bäidroen den nationalen Overshoot Day no hannen ze réckelen? Jo, mengen d‘Organisateure vun enger Ausstellung zu Wolz mam Titel “Jenseits der Grenzen des Planeten – und wenn die Kreislaufwirtschaft die Lösung wäre?”

auto_stories

5 min

headphones

4 min

Overshoot Day Expo Wolz | © Marlène clement play_arrow
D'Patty Koppes gëtt Erklärungen zur Kreeslafwirtschaft. (Foto: Marlène Clement)

De weltwäiten Overshoot Day ass de Berechnunge vun der internationaler Fuerschungsorganisatioun Global Footprint Network no viraussiichtlech Enn Juli oder Ufank August. Lëtzebuerg ass op Plaz 2, direkt hannert dem Katar. Dat heescht, et ass just de Katar deen nach méi schlecht ofschneit wéi mir, erkläert d'Patty Koppesdeene jonke Visiteure vun der Ausstellung.   

Lëtzebuerg brauch aacht Planéiten

Datt Lëtzebuerg d’Sëlwermedaille op en neits gewënnt wier keng gutt Nouvelle, betount d’Patty Koppes vum Circular Innovation Hub, déi Visiteuren duerch d’Expo féiert.

Am Raum hänken hëlze Panneaue mat allméiglechen Informatioune ronderëm den Overshoot Day, iwwer eis Ressourcen, d’Co2-Emissiounen an de Konsum am Allgemengen. An ee Panneau erféiert d‘Visiteure ganz besonnesch. Net een, mee aacht Planéite bräicht Lëtzebuerg theoretesch all Joer fir genuch Ressourcen ze hunn. Grond dofir ass ënnert anerem d’Gréisst vum Grand-Duché an den Effekt vun de Pendler, erkläert d’Patty Koppes.

"Dat heescht, proportional ass deen Effekt méi héich. Et ass awer net just den Tanktourismus vun de Grenzgänger, mee Leit, déi dann heihinner schaffe kommen, déi verbrénge jo och hire ganzen Dag hei. Dat heescht, déi iessen hei, déi drénken hei, déi gi vläit nach eppes akafen. Dat heescht, genee wéi d’Lëtzebuerger, consomméieren si, obwuel si net hei wunnen."

Eleng dat géing ongeféier zwee Planéiten ausmaachen. Dobäi kënnt, datt Lëtzebuerg net vill eege Ressourcen huet. Eleng den importéiere Kerosin mécht 0,7 Planéiten aus. Dat ass zéng Mol méi ewéi an eisen Nopeschlänner.

Visiteure kréien an engem Raum vill Informatiounen zum Theema Overshoot Day a Kreeslafwirtschaft. | © Marlène Clement
Visiteure kréien an engem Raum vill Informatiounen zum Theema Overshoot Day a Kreeslafwirtschaft. (Foto: Marlène Clement)

De Lëtzebuerger a seng Autoen a Vakanzen

An nach eppes ënnerscheet de Grand-Duché vu sengen Noperen. De Lëtzebuerger consomméiert am Verglach mat de Nopeschlänner ee Véierel méi, seet d‘Chef de Projet vum Circular Economie Hub an der Gemeng Wolz.

"An eisen Nopeschlänner ass deen Effekt vill méi verlangsaamt, wéi bei eis zum Beispill. Mir reese méi, mir hu méi Autoen, mir verbrauchen einfach méi, vill méi Ressourcen."

Mee wat ka Lëtzebuerg a jidder eenzelen da maachen, fir manner Ressourcen ze verbrauchen? Der Patty Koppes no läit een Deel vun der Léisung an der Kreeslafwirtschaft.

"Mir sichen u sech elo nei Kreesleef, déi mir kënnen duerchlafen, fir de Produit méi laang ze benotzen."

Vill Inspiratioun fir d'Visiteuren

Second-Hand Shoppen, Saache flécken oder verschenken, rëm auserneen huelen a wann et sech maache léisst, déi wäertvoll Metaller raushuelen. Dat ware just e puer vun de Virschléi, déi déi jonk Visiteuren haten. An effektiv wieren dat alles gutt Iddien, erkläert d'Patty Koppes.

Lëtzebuerg ass weltwäit dat zweet Land, dat säin Overshoot Day erreecht. | © Marlène Clement
Lëtzebuerg ass weltwäit dat zweet Land, dat säin Overshoot Day erreecht. (Foto: Marlène Clement)

Iddien hunn d‘Visiteuren op alle Fall genuch. An um Enn vun der Visitt sinn nach e puer weider Resolutiounen dobäi komm, wéi ee jonke Visiteur eis zielt:

"Datt mir eis Objete solle méi oft recycléieren a benotzen, wéi direkt an d’Poubelle ze geheien. Mee ech passe bësse méi op d ‘Fleesch a méi rëm benotzen a méi recycléieren a sou Saachen."

D‘Ausstellung soll iwwregens nach eng Zäit am Schlass zu Wolz bleiwen. Den Detail gëtt et op wiltz.lu.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Nohaltegkeet
Ëmwelt