Den ungaresche Regierungschef Viktor Orbán huet seng Blockad géigeniwwer vun der EU hir Pläng, der Ukrain nei finanziell Hëllefen ze ginn, opgehuewen. Dat huet de Rotspresident Charles Michel um EU-Sommet annoncéiert. D'Ukrain kritt elo 50 Milliarden Euro vun der Europäescher Unioun.
We have a deal. #Unity
— Charles Michel (@CharlesMichel) February 1, 2024
All 27 leaders agreed on an additional €50 billion support package for Ukraine within the EU budget.
This locks in steadfast, long-term, predictable funding for #Ukraine.
EU is taking leadership & responsibility in support for Ukraine; we know what is…
All 27 Staats- a Regierungsscheffen si sech kuerz viru Mëtteg zu Bréissel eens ginn an engem neien Hëllefspak an Héicht vu 50 Milliarden Euro zougestëmmt. Dat huet de Charles Michel um EU-Sommet annoncéiert. Bis ewell hat den ungaresche Regierungschef Viktor Orbán dësen Hëllefspak blockéiert.
Detailler dozou mussen awer nach genau erkläert ginn. Ob dem Orbán Zougeständnisser fir säi Lassloosse vum Veto gemaach goufen ass nach onkloer. Beim leschten EU-Sommet am Dezember hat den ungaresche Premier nach e Pak vu 50 Milliarden Euro fir d‘Ukrain blockéiert, well deen Deel vum pluriannuelle Budget bis 2027 ass.
Den ukrainesche President Wolodoymyr Selenskyj huet d'Annonce vum Bréissel begréisst.