Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Orbán gëtt Veto op: EU beschléisst neien Hëllefspak fir d'Ukrain

EU-Sommet

Orbán gëtt Veto op: EU beschléisst neien Hëllefspak fir d'Ukrain

Um EU-Sommet zu Bréissel gëtt et schonn een Accord: Den ungaresche Permier Viktor Orbán huet säi Veto opginn an engem Finanzpak vu 50 Milliarden Euro fir d‘Ukrain zougestëmmt. Dat huet de Conseilspresident Charles Michel zu Bréissel annoncéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Charles Michel Viktor Orban EU-Sommet Februar 2024 | © European Union play_arrow
Charles Michel Viktor Orban EU-Sommet Februar 2024 (Foto: European Union)

Den ungaresche Regierungschef Viktor Orbán huet seng Blockad géigeniwwer vun der EU hir Pläng, der Ukrain nei finanziell Hëllefen ze ginn, opgehuewen. Dat huet de Rotspresident Charles Michel um EU-Sommet annoncéiert. D'Ukrain kritt elo 50 Milliarden Euro vun der Europäescher Unioun.

 

All 27 Staats- a Regierungsscheffen si sech kuerz viru Mëtteg zu Bréissel eens ginn an engem neien Hëllefspak an Héicht vu 50 Milliarden Euro zougestëmmt. Dat huet de Charles Michel um EU-Sommet annoncéiert. Bis ewell hat den ungaresche Regierungschef Viktor Orbán dësen Hëllefspak blockéiert. 

Detailler dozou mussen awer nach genau erkläert ginn. Ob dem Orbán Zougeständnisser fir säi Lassloosse vum Veto gemaach goufen ass nach onkloer. Beim leschten EU-Sommet am Dezember hat den ungaresche Premier nach e Pak vu 50 Milliarden Euro fir d‘Ukrain blockéiert, well deen Deel vum pluriannuelle Budget bis 2027 ass.

Den ukrainesche President Wolodoymyr Selenskyj huet d'Annonce vum Bréissel begréisst.

Lauschterenplay_arrow