Radioen

On air

9 bis 1  |  Jungle - Keep Me Satisfied

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Orbán als Conseilspresident? D‘Kandidatur vum Charles Michel kéint dat méiglech maachen

Europawalen

Orbán als Conseilspresident? D‘Kandidatur vum Charles Michel kéint dat méiglech maachen

D‘Annonce vum Charles Michel, bei den Europawalen ze kandidéieren, léist Kritik aus. De Viktor Orbán kéint iwwergangsweis de Poste vum Conseilspresident iwwerhuelen.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

© European Union play_arrow
(Foto: European Union)

De Charles Michel huet Wëlles, am Juni mat an d’Europawalen ze goen. Déi Annonce vum Ufank vun dëser Woch suergt zu Bréissel fir Opreegung.

De fréiere belsche Premier ass den aktuelle President vum Conseil européen - deem Gremium also, an deem d’Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner setzen.

Katarina Barley: Prioritéit fir perséinlech Karriär

D‘Annonce vum Charles Michel koum iwwerraschend, seet déi däitsch Europadeputéiert Katarina Barley.

"Es macht deutlich, dass er persönliche Karriereinteressen stark in den Vordergurnd stellt. Denn die Situation, die sich ergibt, wenn Charles Michel vorzeitig sein Amt als Ratspräsident abgeben muss, liegt auf der Hand."

Effektiv gesinn d’Statute vum Conseil vir, datt am Fall wou de President zerécktrëtt, ier ee Successeur do ass, de Vertrieder aus deem Land, wat d’EU-Presidence huet, déi Roll un der Spëtzt vun de Staats- a Regierungscheffen iwwerhëlt.

An am Juni no den Europawalen wier datt de Viktor Orbán. Datt ausgerechent deen dann un der Spëtzt vum Conseil Européen stoe géing , wier net akzeptabel, sou déi fréier däitsch Justizministerin.

"Diese ungarische Regierung ist mit Artikel 7-Verfahren konfrontiert wegen massiver Verstösse gegen Rechtsstaatlichkeit. Das ist keine Regierung, die vor allen Dingen in so einer Phase die Ratspräsidentschaft übernehmen sollte."

Isabel Wiseler: Orbán als Conseilspresident ass „ondenkbar“

Dat gesäit och d’Isabel Wiseler, CSV Europadeputéiert esou.

"Et ass fir mech net denkbar, datt Ungarn niewent dem Fait, datt se d’Presidence vun der Europäescher hunn, och nach d’Presidence vum Conseil hätt."

Charles Goerens: Eng propper Léisung ass méiglech

Et wier een natierlechen demokrateschen Exercice fir een europäesche Leader sech de Wieler ze stellen, heescht et aus Kreesser vum Charles Michel. Dat fënnt och de Charles Goerens. Den DP-Europadeputéierte gehéiert zur nämmlechter politescher Famill wéi de fréiere belsche Premier a versteet déi ganz Opreegung net.

"Et muss een dem Charles Michel d’Recht zougestoen, iwwer seng Zukunft nozedenken. A wann e well an Europa bleiwen, ass deen eenzege Wee, deen do opgeet, fir och eng seriö Legitimitéit ze hunn, deen, fir ze kandidéieren."

De Risiko, datt de Viktor Orbán dee Vakuum un der Muecht ausnotzt gëtt hei iwwerdriwwen, fënnt de Charel Goerens.

"Ech wier wierklech frou, wa mir elo déi néideg Maturitéit hätten, fir elo net den Orbán permanent an de Mëttelpunkt ze stellen. Dee lauert jo nëmmen drop. Maache mir deem Säi Spill, da fuere mir virun a soen, de Charles Michel huet dat net gutt gemaach an esou virun. Et gëtt kee Grond fir unzehuelen, datt mir dat doten net kënne propper an transparent léisen."

Aner Memberlänner musse Prozedur géint Ungarn virubréngen

Do sinn also dann déi aner Staats- a Regierungscheffe gefrot, dee Problem ze léisen a séier ee Successeur ze fannen, fënnt och d’CSV Europadeputéiert Isabel Wiseler.

"Da mussen déi 27 kucken, datt een aneren do ass. Dat anert ass net denkbar. Mir kënnen eis dat net leeschten als Europäesch Unioun."

Bis elo hunn déi 27 aner gezéckt, aner Säite mat Ungarn opzezéien. D’Parlament hat eng Prozedur nom Artikel 7 lancéiert, där no d’Land um Enn säi Stëmmrecht bannent der EU kéint verléieren. Dofir awer missten d’Memberlänner déi Prozedur virun dreiwen, wat si bis elo net maachen. Am Contraire.

Et muss ee viru maachen. Et kann een net einfach feststellen, datt ee Risque do ass. Et gesäit een, datt d’Saachen sech verschlechteren, datt et unhëlt, da muss een dat och esou festhalen, de Conseil muss do agéieren. D’Parlament huet de ganzen Zäit dat esou gefuerdert."

D’Parlament wëll elo op en Neits weider Schrëtt an enger Petitioun froen.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.