Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Orbán-Sommet mat onklorem Ausgang

EU-SOMMET

Orbán-Sommet mat onklorem Ausgang

Zu Bréissel kommen d‘Staats- a Regierungscheffen zesummen, fir mat der Diskussioun vum leschte Sommet, der Hëllef fir d‘Ukrain, virunzefueren. Den ungaresche Premier hält u sengem Blockage fest.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Viktor Orban | © European Union play_arrow
Viktor Orban (Foto: European Union)

Update Donneschden 11h45: Kuerz viru Mëtteg koum et zu engem Accord: Den ungaresche Permier Viktor Orbán huet säi Veto opginn an engem Finanzpak vu 50 Milliarden Euro fir d‘Ukrain zougestëmmt. Dat huet de Conseilspresident Charles Michel zu Bréissel annoncéiert.


Den ungaresche Premier Viktor Orbán steet haut op en Neits am Mëttelpunkt vun engem EU-Sommet zu Bréissel. Déi ausseruerdentlech Reunioun huet missen aberuff ginn, nodeems sech déi 27 Staats- a Regierungscheffen op hirem Sommet am Dezember net eens goufen.

De Viktor Orbán hat do zwar säi Veto par rapport zum Ufank vun EU-Bäitrëttsgespréicher matt der Ukrain fale gelooss. An der Fro awer, der Ukrain eng weider Finanzhëllef aus dem EU-Budget zouzesoen, ass den ungaresche Premier bei sengem Neen bliwwen.

Onkloer ass, ob et haut méiglech wäert sinn, dee Knuet opzeléisen

Léisung zu 26 ass Plan B

Theoretesch géif et d’Méiglechkeet ginn, déi zousätzlech 50 Milliarden Euro fir d’Ukrain just zu 26, also ouni Ungarn, ze decidéieren. Si géifen dann net an den EU- Budget integréiert, mee misste bilateral op de Wee bruecht ginn. Dat wier komplizéiert a géif laang daueren, sot dozou Uganks der Woch de Premier Luc Frieden. Lëtzebuerg wier dofir, zu 27 eng Léisung ze fannen.

Alles anescht géif effektiv dem Bild vun der EU no bausse schueden.

Ungaresch Konditiounen net akzeptabel

Een Accord ze assuréieren ass fir eis Credibilitéit vun decisiver Bedeitung, sou d’Warnung vum Conseilspresident Charles Michel a senger Invitatioun un déi 27 Staats- a Regierungscheffen.

Bis elo awer blockéiert Ungarn virun. Gëschter sot de Viktor Orbán an engem Interview mat der franséischer Zeitung Le point, hie kéint Deel vun der Léisung sinn - ënnert der Konditioun allerdéngs, datt d’Staats- a Regierungscheffen all Joer nei decidéieren, ob weider Suen an d’Ukrain geschéckt ginn.

Déi Solutioun awer gëtt vun anere refuséiert, well een doduerch dem ungaresche Premier de Moyen géif ginn, Joer fir Joer op en Neits Erpressungsversich ze maachen.

EU-Diplomat: „Niveau vu Frustratioun wiisst“

Den Niveau vun der Frustratioun par Rapport zum ungaresche Behuele géif ëmmer méi héich ginn, esou virgëscht een héijen EU-Diplomat. Et géifen ëmmer méi Länner ginn, déi sech Froe stellen. D’Nervositéit wier grouss.

Déi wäert zimmlech sécher och dobausse virun der Dir vum Conseilsgebai ze spiere sinn. D’Staats- a Regierungscheffe ginn um Rond-point Schuman vun de Baueren empfaangen. D'Annonce vu gëschter vun der Europäescher Kommissioun, si vu bestëmmten Ëmwelt-Oploen ze befreien, dierft d’Gemidder warscheinlech net berouegt hunn. An et kéint gutt sinn, datt dee Sujet, obschonn en net um Ordre du jour steet, haut och nach op den Dësch kënnt.

Lauschterenplay_arrow