Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Optakt vun der Mostra di Venezia - Lëtzebuerg mat 6 Filmer vertrueden

Kultur

Optakt vun der Mostra di Venezia - Lëtzebuerg mat 6 Filmer vertrueden

Haut ass d'Ouverture vun der 81. Editioun vum internationale Filmfestival Mostra di Venezia. Lëtzebuerg ass mat 6 Filmer dobäi, ënner anerem mam Wang Bing sengem neie Film Youth "Homecoming".

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Mostra di Venezia | © Mostra di Venezia play_arrow
Foto: Mostra di Venezia

Ee Laangfilm a fënnef Virtual Reality Filmer goufen an d'Selektioun vum Internationale Film Festival Mostra de Venise opgeholl. Mat dobäi si Koproduktioune vun de lëtzebuergesche Filmboîtte Skill Lab, Les Filmes Fauves, Digital Voodooh a BAHN.

Lëtzebuerg schafft reegelméisseg mat internationale Produktiounsfirmen a Realisateuren a Realisatricen zesummen - wéi notamment mam chineesesche Regisseur Wang Bing. Säi Film Youth "Homecoming" ass an der Laangfilm-Kompetitioun dobäi an huet zu Venedeg seng Weltpremière.

Kontakter knäppen a Finanzéierungen ustoussen

Nieft dem Filmfestival ass vum 29. August bis den 3. September d'Venise Production Bridge. Dës Plattform fir den internationale Filmmarché bitt d'Méiglechkeet fir mat neie Reseauen zesummenzekommen a zukünfteg international Kollaboratiounen unzestoussen. Den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong Guy Daleiden ass mat enger Delegatioun do present, fir déi national Filmindustrie ze stäerken.

"A Gott sei Dank, hu mer dëst Joer och parallel nach esou vill Oeuvren. Esou datt ech géif mengen, datt Lëtzebuerg dëst Joer d’Chance huet fir esou grouss zu Venedeg erauszekommen (…) esou present war Lëtzebuerg nach ni."

Als Ënnerstëtzung fir déi lëtzebuergesch Filmindustrie sinn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse mam DP-Kulturminister Eric Thill fir Visitten dëse Weekend op der Plaz.

De Filmfestival leeft nach bis de 7. September zu Venedeg.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Kultur
Kino