Radioen

On air

Tockcity  |  Sean Thomas - After You - Courting

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Optakt vum Appellprozess ëm d’Verontreiung bei der Gesondheetskeess

Justiz

Optakt vum Appellprozess ëm d’Verontreiung bei der Gesondheetskeess

Zwee Ugekloten, déi hir Strof ze héich fannen an zwee Beschëllegt, déi d’Schold op déi zwee Aner drécken. Esou kéint een a kuerze Wierder den éischten Dag vum Appellprozess ëm d’Verontreiung bei der Gesondheetskeess den Dënschdeg ëmschreiwen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Bigtstock / yanc

Iwwer en Zäitraum vun zéng Joer hat eng Fra Remboursementer fir fiktiv international Rechnungen an den informatesche System eraginn, fir am Ganzen 840 Prestatiounen. Esou war der CNS tëschent 2009 an 2019 e Schued vun net grad 2,1 Milliounen Euro entstanen. Wann et der Affekotin vun der Gesondheetskeess no geet, sollt dat éischt Urteel vun zejoert confirméiert ginn.

Dee Moment ware géint d’Fra siwe Joer Prisong, dräi dovu mat Sursis, an 100.000 Euro Geldstrof gesprach ginn. Hire Mann an zwee Bekannten haten iwwerdeems jee fënnef Joer Prisong, d’Hallschent dovu mat Sursis, a 50.000 Euro Geldstrof kritt. Donieft war festgehale ginn, datt d’Fra an hire Mann der CNS eppes méi wéi 450.000 an d’Fra an déi zwee Bekannte ronn 1,6 Milliounen Euro sollten zeréckbezuelen.

Zwee Ugekloter behaapten, si hätten näischt matkritt

Der Maître Valérie Braun no hätt d’Fra bis dato nach keen Cent rembourséiert. Bei déi am Ganze bal 2,1 Milliounen Euro Schued misst een u sech och nach eppes iwwer 22.000 Euro national Remboursementer dobäirechnen. Déi hätt d’Gesondheetskeess awer net zeréckbehalen. De reelle Montant vun deem Schued wier wuel och vill méi héich, esou d’Affekotin vun der CNS, fir déi et och net credibel war, datt zwee Ugeklote soten, si hätten net matkritt, wat gelaf ass.

Esou hat der Fra hire Mann erkläert, hien hätt déi ganz Zäit näischt gemierkt. Seng Fra hätt alles gemaach, an hien hir vertraut. Hien hätt dann och Appell gemaach, well hie schëlleg gesprach gi wier, obwuel hien dat net wier. D’Schold op säin Ex-Partner huet och ee vun de Bekannte gedréckt, deen net vun den iwwerwisene Sue wëllt profitéiert hunn. Hien hätt gemengt, d’Koppel géif d’Suen ausginn, déi si verdéngt hätten.

Vum Schmu zur Sucht

Och an den Ae vun der Fra war déi zejoert gesprache Strof ze héich. Si hätt eemol versicht, fir Schmu ze maachen, well si an hire Mann keng Suen haten. Duerno wier et eng Sucht ginn. Op d’Remark vum President vum Geriicht hin, datt d’Koppel 8.000 Euro de Mount méi hat, huet d’Fra gemengt, dat wier kengem opgefall. Iwwerdeems de véierten Ugekloten op d’Fro vum Riichter “Hutt Dir net dru geduecht, de Liewensstil erofzesetzen?” geäntwert huet: “Ech mengen net.”

E Freiden dierft dësen Appellprozess dann op en Enn kommen.

Lauschterenplay_arrow