De Palais huet confirméiert, datt de Premierminister seng Demissioun presentéiert huet. Eng nei Audienz ass fir dëse Freideg geplangt. De Kinnek Philippe wäert vu muer un d’Presidente vun de Parteien déi d’Koalitioun forméieren treffen.
Et ass onkloer, ob de Kinnek d‘Demissioun vum Premier finalement akzeptéiert, an deemno déi aktuell sougenannte "Arizona"-Regierungskoalitioun zum Fale wäert bréngen.
An der Vergaangenheet gouf et bei änleche Situatiounen no enger éischter Entrevue mam Kinnek weider Verhandlungen.
Budget ass schwieregt Theema
Déi fënnef Koalitiounspartner ware sech net iwwer de Budget 2027 eens ginn. Sträit gouf et och iwwer ee Spuerpak an Héicht vun 10 Milliarden Euro, dee bis 2029 soll ëmgesat gi fir d’Staatsfinanzen nees an den Equiliber ze bréngen.
D’Belsch ass ee vun den EU-Memberlänner, déi am meeschte verschëlt sinn, a muss säin Defizit erofsetze fir d’Maastricht-Krittären ze respektéieren.
Dobäi ass d’Belsch als NATO-Member dozou verflicht seng Defense-Ausgaben eropzeschrauwen.
Ëmmer nees Protester
D’Regierung steet zënter Méint ënner Drock wéinst deene potentielle budgetären Aschnëtter. Dofir ginn et och ëmmer nees Manifestatiounen. Fir d’Lescht waren uganks Oktober ronn 40.000 Bierger:innen zu Bréissel op d’Strooss gaangen.
Wat huet mam Numm "Arizona" op sech?
D'Arizona-Koalitioun an der Belsch heescht esou, well hir Memberparteien d'Faarwe vum amerikanesche Bundesstaat hunn: Giel fir déi flämesch Konservativ, Rout fir déi flamännesch Sozialdemokraten, Orange fir déi flamännesch Chrëschtdemokraten an d'Zentristen aus der Wallonie a finalement Blo fir déi liberal franséischsproocheg aus der Wallonie.