arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net nëmmen d'Protester maachen der franséischer Politik Suergen

Frankräich

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Net nëmmen d'Protester maachen der franséischer Politik Suergen

A Frankräich stinn d'Protester den Ament am Fokus vun der Aktualitéit. An der Assemblée nationale leeft awer aktuell och den immens wichtegen Debat iwwer de Budgetstext, deen d'Zukunft vun de franséische Finanzen a wuel och déi vun der Regierung bestëmmt. Muer gëtt do eng éischte Kéier ofgestëmmt. 

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto)

Méi wéi eng Regierung ass an de leschte Jore wéinst dem Budget gestierzt ginn – kënnt et elo zu der nächster? Muer gëtt iwwer den Deel vun de Recetten ofgestëmmt. Eng Majoritéit fir dësen éischten Deel schéngt awer méi wéi onwarscheinlech. 

Text wäert wuel keng Majoritéit kréien

Obwuel den Text vun der Regierung an der Assemblée staark verännert gouf, wäert dëse wuel keng Majoritéit kréien. Et deit sech also nees e laangen a schwéiere Prozess un, fir hei e Kompromëss ze fannen – wann dat iwwerhaapt méiglech ass.

Kënnt de berüchtegten 49.3 nees an den Asaz?

De Philippe Juvin, Rapporter vum Budget, sot gëschter, hie géif der Presidentin vun der Assemblée nationale, der Yaël Braun-Pivet, zoustëmmen. Si hat d'lescht Woch de Premier opgefuerdert, esou séier wéi méiglech vum ëmstriddenen Artikel 49.3 Gebrauch ze maachen, fir den Text duerchzedrécken, amplaz op Zäit ze spillen. 

Frankräich bräicht e Budget an d'Mäert misste berouegt ginn. En Asaz vum Artikel 49.3 kéint awer ganz séier zur Chute vun der Regierung féieren, well d'Oppositioun schonn e Mësstrauensvott fir dëse Fall ugekënnegt huet. 

Trotzdeem misst een elo dëse Risiko agoen an hoffen, datt d'Deputéiert sech hirer Verantwortung bewosst sinn, esou den Ex-Premier Michel Barnier. Sechs Méint virun de Presidentschaftswale bleift Frankräich deemno an der Onsécherheet gefaangen.

play_arrow Lauschteren