Si ass déi éischt Fra, déi a Bulgarien direkt vum Vollek gewielt gouf. Si hat eréischt am Januar d'Presidentenamt vum Rumen Radew iwwerholl, deen duerno Premier gouf.
Krich an der Ukrain huet bulgaresche Walkampf gepräägt
D'Ilijana Jotowa gëllt als russland-frëndlech a setzt sech fir Verhandlunge mat Russland an fir eng Léisung am Krich géint d'Ukrain ze fannen. De Krich an der Ukrain an déi bulgaresch Ënnerstëtzung waren ee wichtege Sujet am Walkampf.
Hire Konkurrent, den Andrej Gjurow, koum aus dem liberal-konservativen Oppositiounslager, a gëllt als éischter pro-westlech. Et koum zu enger Stéchwal, well am éischten Tour kee vun de Kandidaten déi absolutt Majoritéit krut. Do hat iwwerraschend de fréieren Interimspresident Andrej Gjurow 31,9 Prozent vun de Stëmme kritt. Déi aktuell Presidentin Ilijana Jotowa koum op 35 Prozent.
Bulgarien ass EU- an NATO-Member. Uganks dës Joers huet een och den Euro agefouert. Dat war awer net onëmstridden an och vu gréissere Protester begleet.