arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lénk, Gréng an SPD fänke mat Koalitiounsgespréicher zu Berlin un

Däitschland

|
reading time

4 min

Lénk, Gréng an SPD fänke mat Koalitiounsgespréicher zu Berlin un

Haut fänken d’Koalitiounsgespréicher tëschent deene Lénken, deene Gréngen an der SPD zu Berlin un. D’Fro ass, ob déi dräi Parteien op e gemeinsamen Nenner kommen. D’Sondéierungsgespréicher waren nämlech schonn net ouni Problem. An dunn ass och nach eppes un d’Press komm, wat net hätt solle raus.

reading time

4 min

D'Berliner Spëtzekandidatin fir die Linke 2026 Elif Eralp | © EPA/HANNIBAL HANSCHKE
D'Berliner Spëtzekandidatin fir die Linke 2026 Elif Eralp (Foto: EPA/HANNIBAL HANSCHKE)

No engem Interview mam Spiegel hat d'Ekipp vun der lénker Spëtzekandidatin Elif Eralp der Zäitschrëft eng autoriséiert Versioun zeréckgeschéckt - huet allerdéngs vergiess, datt nach intern Kommentarer drunhoungen.

Dodra war ze liesen, firwat déi 45 Joer al Politikerin den däitsch-palästinenseschen Aktivist Ibrahim Ibrahim net wärend dem Interview mam Numm genannt huet. De Grond: Si an hire Mann hätten Angscht virun esou Leit.

Den Aktivist war no der Wal zu Berlin op enger Walparty vun deene Lénken zu Neukölln a gëllt als zimmlech radikal.

Kritik gouf et scho virdrun

Verschidde Politiker, notamment vun der FDP an der Unioun, hunn dat als weidere Beweis gesinn, datt ee keng lénks-geféiert Regierung zu Berlin sollt hunn. Och aus der SPD a bei de Grénge goufen et Bedenken. 

Ëmmer nees waren et Virwërf vun Antisemitismus géint gewësse Member vun deene Berliner Lénke ginn. 

Déi Lénk, déi Gréng an d'SPD hunn awer am Virfeld vun de Sondéierungsgespréicher eng gemeinsam Erkläerung verëffentlecht, andeem ënner anerem festgehale gouf, datt d'Existenzrecht vun Israel onverhandelbar wier. 

"Jetzt geht's los"

Elo, sechs Wochen no der Wal a Sondéierungsgespréicher, geet et dann elo an d'Koalitiounsgespréicher. Déi Lénk hunn e Samschdeg op engem Parteidag dofir gestëmmt. De Go vun de Gréngen an de Sozialiste gouf et scho virun zwou Wochen. 

Deementspriechend freet sech d'Elif Eralp, déi bei engem Succès, déi nächst regéierend Berliner Buergermeeschtesch géif ginn.

"Die letzten Wochen haben uns die Berlinerinnen und Berliner immer wieder gefragt, wann geht's denn los? Und jetzt geht's los."

Theema Logement

Wéi zu Lëtzebuerg ass och zu Berlin d'Theema Logement ee vun den Haaptsujeten. D'Vergesellschafte vu Wunnengen ass een Theema, dat virun allem déi Lénk ëmmer nees op d'Tapéit bruecht hunn. Eppes, wat déi Gréng an d'SPD warscheinlech géife matdroen.

Parteie wéi d'CDU mat hirem Kanzler Friedrich Merz sinn do strikt dogéint an appelléieren ënner anerem dowéinst ëmmer nees un SPD a Gréng, d'Dräierkoalitioun net anzegoen.

Lénk haten d'Wale kloer gewonnen

À propos CDU: Déi hu bei de Walen dëst Joer zu Berlin massiv verluer. 9,5 Prozent manner, wéi nach bei der leschter Wal 2023.

Déi Lénk konnten d'Wale virun der CDU, der AfD, deene Gréngen an der SPD gewannen. Dat mat engem Plus vun 13 Prozent.