Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
search

/ Oppositiounsparteien iwwer de Budget: Falsch Akzenter an net genuch Ambitioun

Staatsbudget 2025

Oppositiounsparteien iwwer de Budget: Falsch Akzenter an net genuch Ambitioun

Haut um Donneschdeg gëtt iwwer de Staatsbudget gestëmmt. D‘Oppositiounsparteie weisen op Defiziter an der Steier-, Sozial-, a Logementspolitik hin. Dat an den Debatten iwwer de Staatsbudget fir 2025, déi um Mëttwoch ofgeschloss goufen. 

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Chambre des Députés

D'Deputéiert vun déi gréng Sam Tanson mécht véier grouss Ënnerscheeder aus tëschent der Politik vun hirer Partei an där vun der Regierung. 

Sam Tanson: Grand-Duché gëtt nach méi ofhängeg vum Tubak gemaach

Fir d'Sam Tanson géif Schwaarz-Blo éischtens d'Méiglechkeete fir Recetten erofsetzen an zweetens a wichtegen Zukunftsfroen den Investment erofschrauwen. Drëttens géifen CSV an DP de Grand-Duché nach méi ofhängeg vum Tubak maachen, woubäi déi gréng Deputéiert de Finanzminister Gilles Roth un eng Aktualitéitsstonn vu virun zwee Joer erënnert huet.

"Dir stoungt deemools hei, mat engem Pak Zigaretten, a sot: De Lëtzebuerger Staat, dee kasséiert iwwer eng Milliard u Steieren, just vum Tubak. Jo, Dir Dammen an Dir Hären, dat ass am Verglach zu deenen anere Budgetsposten eigentlech carrément verréckt, hutt Dir deemools erkläert an dës Recettë mat anere verglach."

E véierten Ënnerscheed wier iwwerdeems, "d’Aart a Weis, wéi Dir Politik maacht an op wien Dir lauschtert", sou d’Sam Tanson.

Sven Clement: Och KI ka Problemer net magesch léisen

Dem Sven Clement vun de Piraten no gëtt de Staatsbudget fir dat anert Joer de groussen Erausfuerderungen net gerecht, deenen d'Bierger:inne entgéint kucken. Am Logement géife falsch Akzenter gesat ginn, an d'Schéier tëscht Aarm a Räich géif weider auserneegoen. 

De Sven Clement sot nach, och d'Kënschtlech Intelligenz géif dës Problemer net magesch léisen. D'DP-Deputéiert Corinne Cahen hat jo an hirem Budgetsrapport en Haaptakzent op d'KI geluecht.

David Wagner: Keng Ambitioun déi grouss Chantieren unzegoen

Den David Wagner vun déi Lénk dann huet vun engem verluerene Joer CSV/DP-Regierung geschwat. Hien huet e fade Budget notéiert, eng Verwaltung vum Status quo a keng Ambitioun fir grouss Chantieren unzegoen. A sengen Ae sinn d'Brochlinne mat der Regierung kloer.

"Mir wëllen, dass de Logementsproblem endlech ferm ugepak gëtt. An zwar am Interêt vun deenen, déi am meeschten drënner leiden. Deen heite Budget setzt nees komplett op de Maart a wëll virun allem d'Profitter vun de grousse Promoteuren erhéijen."

De Budget géif nees komplett op de Maart setzen a wéilt d'Profitter vu grousse Promoteuren erhéijen, betount den David Wagner. 

Lauschterenplay_arrow