Radioen

On air

Moiesstudio  |  Lola Young - Messy

play_arrow Live
search

/ Opgepasst op d'Mouken

Moukewanderung

Opgepasst op d'Mouken

Wéi all Joer am Fréijoer wanderen d'Mouke grad vum Bësch a Richtung Tëmpel oder soss Gewässer fir ze läichen, an dee Wee ka fir si potentiell déidlech sinn. Wéi kënnen d'Mouke geschützt ginn? Dat hu mir den Tom Van den Bossche vun natur&ëmwelt gefrot.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© Bigstock play_arrow
(Foto: Bigstock)

Déi meescht vun Iech si bestëmmt frou, datt d'Deeg méi laang an Temperaturen dobausse méi mëll ginn. Mee wann et dobäi och nach fiicht ass, ass dat de Startschoss fir d'Mouke fir - wéi all Joer - aus dem Bësch Richtung Tëmpel oder soss Gewässer ze wandere fir hir Eeër - de sougenannten "Läich" - dranzeleeën. 

Mee dat ass dacks ee ganz geféierleche Wee, erkläert den Tom Van den Bossche vun natur&ëmwelt

"Mir hunn zu Lëtzebuerg enorm vill Stroossen an d'Stroossen an d'Mouken, déi fonctionéieren net gutt mateneen. Wéi Dir wësst, sinn d'Mouke ganz lues. A virun allem op dem Wee bei hiert Gewässer am Fréijoer si se nach méi lues, well se do och schonn hir Accouplement um Wee dohinner maachen."

An deem Fall gëtt eng männlech Mouk vun der weiblecher gedroen. Eng Mouk brauch da bis zu enger hallwer Stonn, wann net souguer méi, fir iwwer eng Strooss eriwwerzegoen.

Mouke-Barriären an Tunnellen

Fir d'Mouke besser ze schützen, ass et ënner anerem wichteg ze wëssen, wéi eng Weeër se wanderen. Op deem Punkt géing een op d'Mathëllef vun de Bierger:inne zielen, déi op Moukewanderungen opmierksam kënne maachen. Dat kann een um Internetsite vun natur&ëmwelt maachen, oder mat der App EinNaturalist.

"Da kucke mir mat der Administration nature et forêt, wéi eng Plazen elo déi sinn, wou d'Mouken am meeschte gefäerdet sinn, an am beschte géife mir dann op deene Plaze Mesuren ëmsetzen, fir se ze schützen."

Do ginn et zum Beispill sougenannt Mouke-Barriären, déi d'Mouke guidéieren, fir ze evitéieren, datt si op enger Plaz iwwer d'Strooss ginn, wou vill Trafic ass, esou den Tom Van den Bossche. Do ass dat just de Problem, datt een d'Mouken da vun enger Säit op déi aner droe muss. Do hëllefen Tunnellen, déi et zu Lëtzebuerg op deene Plazen, wou e grousse Flux vu Mouken ass, scho ginn. 

Laanscht d'Mouke fuere ka schonn déidlech fir se sinn

Natierlech ass dat eng Mesure, déi ëmmer eréischt en place gesat ka ginn, wann och Aarbechten op der Strooss musse gemaach ginn, fir net einfach nëmmen eng Strooss mussen opzerappen, fir en Tunnel dranzeleeën. natur&ëmwelt fuerdert d'Leit deemno op, Migratioune vu Moucken bei der ASBL selwer oder bei der Gemeng ze mellen, fir datt eventuell souguer méi staark Mesurë kënne geholl ginn, wéi d'Strooss ze spären, esou den Tom Van den Bossche.

"Mee wann dat net méiglech ass, ass schonn d'Sensibilisatioun an d'Wëssen, datt et déi Mouke ginn, ganz wichteg, an da sollen Automobilisten am beschte vill méi lues fueren. Dat heescht och schonn ab 50 Kilometer an der Stonn ass et ze séier. Do stierwen enorm vill vun deene Mouken, net nëmme vum Iwwerfueren, mee och vum Drock, wann den Auto laanscht se fiert, dat ass schonn déidlech fir d'Mouken."

D'Moukewanderung dauert normalerweis nach bis Mëtt Abrëll. 

Lauschterenplay_arrow