D‘Schëff soll den neien Hëllefskorridor testen, deen d‘EU ugekënnegt huet. D‘Schëff huet eng 200 Tonnen Drénkwaasser, Liewensmëttel a Medikamenter gelueden. De 400 Kilometer laange Passage bis an d‘Gazasträif ass net ouni Risiko. Problematesch ass och d‘Uleeë vum Schëff well et kee richtegen Hafen an der Gazasträif gëtt.
Iwwerdeems hunn am Roude Mier d‘Huthi-Rebellen aus dem Jeme rëm e Containerschëff mat Rakéite beschoss. Dat hunn déi amerikanesch a brittesch Marinnen, déi fir d‘Sécherheet vun den Handelsschëffer do responsabel sinn, matgedeelt. D‘Schëff, dat ënner liberianeschem Fändel gefuer ass, wier awer net getraff ginn.
Am Géigenzuch hätt d‘US-Arméi een U-Boot getraff an 18 Rakéite vun der Huthi-Miliz zerstéiert.