Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op der Sich no engem Stéck Lëtzebuerger Konschtgeschicht

Biller vum Jean-Pierre Beckius

Op der Sich no engem Stéck Lëtzebuerger Konschtgeschicht

De Moler Jean-Pierre Beckius wier dëst Joer 125 Joer al ginn. Mee grouss Deeler vu sengem Wierk sinn haut an onbekannten Hänn. D’Enkelkanner vum Moler sichen dofir haut no senge Biller.

auto_stories

2 min

headphones

20 min

play_arrow
Foto: www.beckius.art

A si hunn der och schonn iwwer 200 fonnt. An de leschte Wochen hunn nämlech sëllege Privatleit sech bei hinne gemellt, deene Wierker vum Jean-Pierre Beckius gehéieren.

"Zum Beispill huet eis eng Affekotefamill kontaktéiert, déi eng ganz Rutsch Beckiussen hunn an déi hunn eis verzielt, datt eise Grousspapp domat bezuelt huet. Dat war eng Geschicht déi ech lo net sou kannt hunn."

Et hätt een och vill Leit kennegeléiert, déi de Moler nach selwer kannt hunn, oder deenen hir Elteren e kannt hunn, sou d‘Eve-Lynn Beckius an d’Dunja Weber.

Den Ufank vun der Sich

Fir méiglechst vill Biller erëm ze fannen, hätt een ënner anerem de Bistum an d'Muselgemenge Mertert a Gréiwemaacher kontaktéiert, well vill Biller do an der Géigend gemoolt gi sinn an och Motiver aus där Géigend weisen.

Vun deem Moment un, vun deem gewosst war, datt een d'Ausstellung an der Villa Vauban kéint maachen, hunn dem Pierre Beckius seng Enkelen och Annoncen an Zeitunge geschalt, fir datt d'Leit sech mellen, wa si sou ee Bild doheem hunn.

Wéi erkennt een d'Biller?

Wann Dir eventuell esou e Bild hutt, da kënnt Dir d’Famill kontaktéieren iwwert d’Emailsaddress: Collection@beckius.art

D'Biller erkennt een deelweis un der Ënnerschrëft, verschiddener hunn och ee Certificat vun der Galerie, déi d'Bild deemools verkaaft hunn. Mee och iwwer den Inhalt kann een d'Biller identifizéieren: De Jean-Pierre Beckius huet vill Landschaften a Bëscher gemoolt, mee och vill Portraiten. Speziell ugedoen hat him et och d'Lärensmillen, déi hien iwwer 100 mol gemoolt huet. Mee och aus sengen Openthalter zu Paräis, Roum, Neapel an Amsterdam ginn et eng Rei Biller.

Geplangt: Een Internetsite an eng Monografie

Aktuell schaffen d'Enkele vum Jean-Pierre Beckius un enger digitaler Datebank, iwwer déi een d'Biller no an no, och op dem Internetsite beckius.art wëllt disponibel maachen. Geplangt ass och eng Monografie, fir dem Moler säi Wierk sou vollstänneg wéi méiglech duerzestellen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Kultur