play_arrow

/ Op den 1. Mee erfält eng Indextranche
Dat deelt de Statec de Moien an engem Communiqué mat. Am Abrëll loung den Inflatiounstaux, op ee Joer gekuckt, bei 1,7 Prozent. Dat geet duer, fir datt op den Dag vun iwwermuer eng Indextranche fälleg gëtt. Deemno gëtt et dann 2,5 Prozent méi Pai oder Pensioun.