Tëscht 80 an 100 Millioune Pilger sinn den Ament fir dat Fest an der Stad Prayagraj. 6 Woche laang sinn do rituell Wäschungen am Floss Ganges.
De Festival Kumbh Mela ass all 12 Joer. Et ass dee gréisste reliéise Festival op der Welt. Bei der leschter Editioun 2013 war et och zu enger Massepanik komm. Deemools ware 36 Leit ëm d‘Liewe komm.