Radioen

On air

Concert  |  Déi véier Joreszäite mam Trio Con Brio Copenhagen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Nei Musek

Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Dir hutt Loscht op fuschnei Musek? D‘Museksredkatioun vum radio 100,7 guidéiert iech duerch den Dschungel vun neien Tendenzen.

auto_stories

2 min

Maribou State (Foto: Maribou State / Bandcamp)

Et gëtt esouvill nei Musek z‘entdecken. D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 lauschtert sech all nei Verëffentlechung un. Ok, vläicht net grad all Lidd, an dach dinn eis Oueren um Enn vum Dag wéi. Déi hei Songs hunn et a sech a lafe bei eise Museksnerds ouni Enn op der Anlag. 

De Banger fir déi nei Woch? Do proposéiere mir iech déi nei Single vum britteschen Duo Maribou State. Eng wëll elektresch Gittar setzt dogéint de Groove op „Eyes & Mouth“, ze fannen op der neier The Smile Plack vun de Radiohead Akolyten Thom Yorke an Johnny Greenwood. E puer eckeg Gittarsakkzenter ginn et dann och am gemittlechen Hip-Hop Club Track vum Louis Cole. Déi franséisch-senegalesesch Musekerin anaiis reest op hirem neie Stéck mat ganz vill Soul a Brasilien. Déi Lëtzebuerger Musekerin Hannah Ida trauert an hirem neie Song „Sea of Leaves“ dem Summer no. Soul Charme aus de 60er gëtt et vum amerikanesche Crooner Leon Bridges an de kanaeschen Duo „Hildegard“ liwwert en elasteschen R‘n‘B Track, an deem virun allem Textur an Ambiance d‘Soen huet. 

Op d‘Oueren! 04.10.2024 

  • Maribou State, Holly Walker – Otherside
  • The Smile – Eyes & Mouth
  • Louis Culture, Tora-i, Richie – Babe
  • anaiis and Grupo Cosmo – Toda Cor
  • Hannah Ida – Sea of Leaves
  • Leon Bridges - Laredo
  • Hildegard – Cruel