Radioen

On air

Concert  |  Déi véier Joreszäite mam Trio Con Brio Copenhagen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Nei Musek

Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Dir hutt Loscht op fuschnei Musek?  D‘Museksredkatioun vum radio 100,7 guidéiert Iech duerch den Dschungel vun neien Tendenzen.

auto_stories

2 min

King Pari | © Sandy Honig
King Pari (Foto: Sandy Honig)

Et gëtt esouvill nei Musek ze entdecken. D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 lauschtert sech all nei Verëffentlechung un. Ok, vläicht net grad all Lidd, an dach dinn eis Oueren um Enn vum Dag wéi. Déi hei Songs hunn et a sech a lafe bei eise Museksnerds ouni Enn op der Anlag.

Den Hierscht ass ukomm. Trotzdeem schéngt d‘Sonn op der neier Nummer vu King Pari, de Funk Duo vu Minneapolis (Prince Territoire!). Déi grouss Nouvelle vun der Woch: The Cure melle sech mat enger éischter Single a 16 Joer zeréck! De brittesch-tierkeschen Duo Kit Sebastian liwwert mat "Metropolis" nees eng cinematographesch Nummer, déi psychedelesch tëscht Anatolien an Europa an de 60er schwieft. Déi nei Plack vum Ezra Collective vu London zitt op d‘Danzfläch an d‘Naima Bock mellt sech mat enger zweeter intimer Scheif zeréck déi nees iwwerrascht. Dat a villes méi gëtt et dës Woch op d‘Oueren.

 

Op d‘Oueren! 27.09.2024

  • King Pari – Somethin‘ Somethin‘

  • The Cure – Alone

  • Kit Sebastian – Metropolis

  • Naima Bock – Kaley

  • Ezra Collective - God Gave Me Feet For Dancing (feat. Yazmin Lacey)

  • Laura Cahen – Les astres

  • Andrew Bird, Madison Cunningham – Crying In The Night