D‘Hamas fiert weider mat hiren Attacken: Si huet weider Rakéiten op ënner anerem Tel Aviv, Jerusalem an israeelesch Stied un der Küst geschoss. Israel huet ronn 300.000 Reserviste mobiliséiert. Déi gréisst Mobiliséierung an der jéngster Geschicht vum Land.
D‘EU-Ausseministeren an d‘Organisatioun fir islamesch Zesummenaarbecht huet fir muer Drénglechkeetssëtzungen annoncéiert fir iwwert de Krich ze beroden. Däitschland huet seng humanitär Hëllef fir d‘Palestinenser bis op Weideres suspendéiert.
Déi radikal islamesch palestinensesch Hamas hat virgëschter eng grouss Offensiv géint Israel lancéiert. Eng grouss israeelesch Géigenoffensiv ass elo am gaangen. Bis elo sinn 1.100 Leit ëm d‘Liewe komm, 700 op israeelescher, an iwwer 400 op palestinensescher Säit.