Op Invitatioun ënner anerem vum EU-Kommissär fir d’Landwirtschaft, dem Christophe Hansen, komme muer um Mëttwoch zu Bréissel d'Agrarministeren aus den EU-Länner fir eng Spezial-Reunioun an der Europäescher Kommissioun zesummen, fir iwwer d'Zukunft vun der Europäescher Agrarpolitik ze diskutéieren.
Bei der Entrevue soll och iwwer den Handelsaccord mat de véier südamerikanesche Länner geschwat ginn. Konkret géing et ëm d'Mesüre goen, déi dofir suerge sollen, datt d'Gesondheets- an Ëmweltstandarde fir béid Säiten déi nämmlecht sinn.
Martine Hansen zu Bréissel mat derbäi
Verschiddene Medien no hätten d'Ministeren aus op mannst 20 EU-Länner zougesot. D'Lëtzebuerger Agrarministesch Martine Hansen ass bei der Reunioun derbäi, wéi eis confirméiert gouf.
D'EU-Länner si sech bis elo net eens iwwer deen Accord. Ënner anerem Frankräich an Italien hate sech dofir agesat, datt d'Ënnerschreiwe vum Ofkommes soll verluecht ginn.