arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ongewinnt selbstkritesch: Friedrich Merz hält seng Summer-Pressekonferenz

Däitschland

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Ongewinnt selbstkritesch: Friedrich Merz hält seng Summer-Pressekonferenz

Bei senger grousse Summer-Pressekonferenz huet de Bundeskanzler Friedrich Merz net u Luef fir sech a seng Regierung gespuert, virun allem wat d’Reformen am Gesondheetssecteur a bei de Pensiounen ugeet. Mee hie war a verschiddene Punkten och ongewinnt selbstkritesch.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / dts-Agentur | dts Nachrichtenagentur GmbH
(Foto: picture alliance / dts-Agentur | dts Nachrichtenagentur GmbH)

Zu Berlin huet sech de Friedrich Merz ronn annerhallef Stonn de Froe vun der Haaptstadpress gestallt.

Besser kommunizéieren

Zënter 1990 war keen amtéierende Bundeskanzler méi esou onbeléift wéi de Friedrich Merz am Moment. Just 1 vu 5 Däitschen ass engem neie Sondage no nach zefridde mat der Aarbecht vum Kanzler.

"Mich ärgert das nicht, aber mich beschäftigt das. Und ich versuche auch, die Gründe festzustellen. Ich versuche auch mit meinem Team Fragen zu beantworten, was können wir besser machen, was müssen wir besser machen. Müssen wir besser kommunizieren, müssen wir vielleicht auch unsere Politik überprüfen? Das tun wir ständig."

E puer selbstkritesch Téin also vum Friedrich Merz bei senger grousser Summerpressekonferenz.

Soss: Virun allem Luef fir déi eegen Aarbecht, zum Beispill d’Reform am Gesondheetswiesen, déi lescht Woch duerch d’Parlament gaang ass. Am Hierscht, esou de Kanzler, soll dann eng weider Pensiounsreform ugestrieft, an och d’Aarbechtszäitgesetz nach reforméiert ginn.

Sech direkt un d'Afd-Wieler:innen adresséiert

Wat den aktuelle Succès vun der rietsextreemer AfD ugeet, esou sot de Friedrich Merz, d’Vollek wier eben de Souverän. Dofir géif hien den AfD-Wieler:inne soen:

"Wir versuchen, die Freiheit und den Frieden dieses Landes zu erhalten. Wir versuchen, die wirtschaftliche Lage zu verbessern, und wir sind nach bestem Wissen und Gewissen darum bemüht, unser Land zu stabilisieren und voranzubringen."

An der Vergaangenheet huet de Friedrich Merz sech heefeg, wann e mam Réck un der Mauer stoung, zu grousse Verspriechen hirappe gelooss – Verspriechen, déi hie meeschtens net konnt anhalen.

Keng grouss Verspriechen

Dat huet hien haut net gemaach. Zum Beispill huet hie seng eege politesch Zukunft net un e Walerfolleg vun der AfD gebonnen.

Fir eng Wal vun der AfD ze verhënneren, wëllt de Kanzler awer selwer an de Walkampf a Sachsen-Anhalt an a Mecklemburg-Vorpommern agräifen.

Hien wéilt a béid Bundeslänner reesen a probéieren, d’Leit dovun ze iwwerzeegen, datt de Wee vun der Bundesregierung de richtege wier.

play_arrow Lauschteren