Nach ass d’Wal laang net gewonnen, der AfD a Sachsen-Anhalt ass dat egal. Op hirem Parteidag zu Magdeburg huet den AfD-Spëtzekandidat Ulrich Sigismund unhand vun engem 10-Punkte-Plang presentéiert, wat seng Partei am Fall vun enger Walvictoire wëlles huet.
Absolutt Majoritéit net ausgeschloss
Dorënner: enger Aarbechtsflicht fir Asylbewerber, manner Sue fir Partei-no Stëftungen, Däitschland-Fändelen un alle Schoulen. Ausserdeem wëllt d’AfD ee bis zwee Ministèren ofschafen an eng Corona-Enquêtëkommissioun lancéieren.
A Sachsen-Anhalt gëtt d’AfD vum däitsche Verfassungsschutz als geséchert rietsextreem agestuuft. Trotzdeem läit d’Partei, den aktuelle Sondagen no, bei iwwer 40 Prozent. Well eng Rëtsch aner Parteie knapps ënner der 5 Prozent-Hürd leien, kéint dat fir eng absolutt Majoritéit duergoen.
Méiglech Auswierkungen op d'Bundespolitik
Zwar liewen a Sachsen-Anhalt just knapp dräi Prozent vum gesamtdäitschen Elektorat. Sollt awer effektiv eng AfD-Regierung a Sachsen-Anhalt (oder a Mecklemburg-Vorpommern, wou och am Hierscht gewielt gëtt) un d’Muecht kommen, hätt dat trotzdeem Impakt op déi national Politik.
Op der Ministerpresidentekonferenz kéinten AfD-Landescheffen Decisiounen torpedéieren. An am Bundesrat, wou d’Bundeslänner vertruede sinn, kéint d’AfD Afloss op d’Gesetzgebung huelen an domat och d’Bundesregierung schwächen.
Nach ass et net esou wäit. Offiziell geet de Walkampf am August eréischt lass.