search

/ Olympesch Wanterspiller: Nach um leschten Dag gouf ëm eng Goldmedail gekämpft

Sport

|
headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Olympesch Wanterspiller: Nach um leschten Dag gouf ëm eng Goldmedail gekämpft

Norwege war déi erfollegräichst Natioun bei den Olympesche Wanterspiller 2026 zu Mailand a Cortina d’Ampezzo, déi offiziell mat der Ofschlosszeremonie zu Verona op en Enn gaange sinn. De Podium am Medailespigel komplettéieren d'USA an Holland. 

headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Äishockey Finall bei den Olympesche Wanterspiller | © EPA/FAZRY ISMAIL
Äishockey Finall bei den Olympesche Wanterspiller (Foto: EPA/FAZRY ISMAIL)

Nach um leschten Dag gouf ëm déi lescht Medaile gekämpft. Éischter iwwerraschend konnte sech d’USA an der Finall vum olympeschen Äishockeytournoi bei de Männer géint déi favoriséiert Kanadier duerchsetzen. An engem knappe Match hunn d’Amerikaner do mat 2:1 d’Iwwerhand behalen.

Norwegen: Sechs Goldmedailen engem Sportler ze verdanken

Et war gläichzäiteg och déi leschte Competitioun, déi bei dëser Editioun vun den Olympesche Wanterspiller op en Enn gaangen ass. Am Medailespigel bloufen d’USA déi zweet.

Do ass Norwege mat 18-Gold, 12-Sëlwer an 11 Bronzemedailen op der éischter Plaz bliwwen. Allem virop hunn d’Norweger dat dem Laangleefer Johannes Klaebo ze verdanken. Deen huet mat sechs gewonnene Goldmedailen och en neie Rekord bei den Olympesche Wanterspiller dëst Joer opgestallt. Mee och am Biathlon waren d’Norweger mat eelef gewonne Medaile staark ënnerwee.

Keng Medail fir Lëtzebuerg

Den Trio un der Spëtzt komplettéiert Holland. Den Hollänner ass do hir Stäerkt op de Schlittschong ze gutt komm. 5 Mol Gold am Äisschnelllaf, wéi am Shorttrack war do d’Resultat. Alles an allem sinn 20 Medailen op de Kont vun den Hollänner gaangen.

Fir d’Lëtzebuerger Wanterolympionike war jo bekanntlech keng Medail dran. Am Schi-Alpin-Slalom war de Mathieu Osch do op déi 28. Plaz komm an d’Gwyneth ten Raa hirersäits op déi 30. am Riseslalom.

play_arrow Lauschteren