arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ofgas-Skandal: Uklo géint fréiere VW-Chef gëtt haut presentéiert

Diesel-Affär

|
reading time

1 min

Ofgas-Skandal: Uklo géint fréiere VW-Chef gëtt haut presentéiert

An Däitschland ass et haut den Optakt vum Prozess géint dee fréiere VW-Chef am sougenannten Ofgas-Skandal. Bal 9 Joer nodeems d’Diesel-Affär bei VW opgeflunn ass, soll elo d'Roll vum deemolege Chef Martin Winterkorn virun engem Strofgeriicht opgeschafft ginn.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Julian Stratenschulte
(Foto: picture alliance/dpa | Julian Stratenschulte)

Him ginn ënner anerem Bedruch, Manipulatioun a Falschaussoe virgeworf. D'Uklo soll de Moien um 11 Auer um Geriicht zu Braunschweig presentéiert ginn.

De ganze Prozess ass op ee Joer ugesat.

2015 goufen Ofgasmanipulatioune bei Millioune VW-Autoe festgestallt. Doropshi war de VW-Chef Martin Winterkorn zeréckgetrueden.