Radioen

On air

Spektrum  |  Thee Heart Tones - No Longer Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Offiziell Selektioun: 4 Lëtzebuergesch Co-Produktiounen um Filmfestival zu Locarno

Film

Offiziell Selektioun: 4 Lëtzebuergesch Co-Produktiounen um Filmfestival zu Locarno

Um Filmfestival zu Locarno am August wäerte 4 Lëtzebuerger Co-Produktiounen an der offizieller Selektioun matlafen. Dat deelt den nationale Filmfong mat.

auto_stories

1 min

Foto: Flickr

An der internationaler Competitioun gouf déi Lëtzebuergesch-däitsch-belsch Co-Produktioun "Death will come“ vum däitsche Realisateur Christoph Hochhäusler zeréckbehalen. Dobäi kënnt den Documentaire "Youth“ vum Wang Bing, deen an Zesummenaarbecht mat Frankräich, Hong Kong an Holland realiséiert gouf an och schonn zu Cannes war.

Donierft ass de Long-métrage "Jakobs Ross“ vun der Schwäizerin Katalin Gödrös hors compétition, a bei de Kannerfilmer ass den Animatiounsfilm "Slocum et moi" vum François Laguionie zeréckbehale ginn.

De Filmfestival um Bord vum Lago Maggiore leeft vum 7. bis de 17. August.