arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ADEM: Knapp 1.400 Leit mat Unisdiplom sichen zënter iwwer 12 Méint eng Aarbecht

Aarbecht

|
reading time

1 min

ADEM: Knapp 1.400 Leit mat Unisdiplom sichen zënter iwwer 12 Méint eng Aarbecht

Op den 31. Mee dëst Joer waren 1.397 Demandeurs d‘Emploi mat engem Unisdiplom no iwwer 12 Méint nach ëmmer bei der ADEM ageschriwwen. Dat äntwert den Aarbechtsministère op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

reading time

1 min

ADEM Hamm | © adem.lu/Thierry Frisch
ADEM Hamm (Foto: adem.lu/Thierry Frisch)

Dat ass iwwer ee Véierel vun den am Ganzen eppes iwwer 5.000 Persoune mat Unisdiplomm, déi dee Moment op der Sich no enger Aarbecht waren.

Dovunner 289 mat engem BAC +2, 685 mat engem BAC +3 oder BAC +4 a 423 mat engem BAC +5.

Vun all den Demandeurs d‘Emploi mat Unisdiplom sinn déi, déi en Ofschloss an de Sciences Economiques hunn, am héchste vertrueden, mat iwwer 30 Prozent.