Radioen

On air

Notturno  |  Idris Muhammad - Could Heaven Ever Be Like This

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Och dräi Joer méi spéit: D'Spuere vum Héichwaasser sinn nach ëmmer visibel

Impakt op de Stroosseverkéier

Och dräi Joer méi spéit: D'Spuere vum Héichwaasser sinn nach ëmmer visibel

Haut op den Dag virun 3 Joer waren déi schro Iwwerschwemmungen am Iechternacher Eck. A bis haut sinn nach net all Spueren dovu verschwonn. De Maurice Molitor huet sech zwee Beispiller erausgepickt, a probéiert erauszefannen, firwat et do net virugeet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

D'Strooss aus Iechternach raus. | © Maurice Molitor play_arrow
Foto: Maurice Molitor

Beispill 1: Am Ausgang vun Iechternach, Richtung Dikrech laanscht d’Sauer, do wou et lénks erop op Bäerdref geet. De 15. Juli 2021 war d’Strooss do ënnerspullt ginn, d’Héichwaasser huet vill Buedem mat ewech gerappt. An zënterhier ass d’Stabilitéit vum Stroosserand net méi garantéiert.

D'Strooss am Ausgang vun Iechternach. | © Maurice Molitor
D'Strooss am Ausgang vun Iechternach. (Foto: Maurice Molitor)

Dofir goufen de Vëlos- a Foussgängerwee op engem Stéck vu gutt 100 Meter gespaart, an d’Strooss méi enk gemaach. Ëmmerhi rullt et weider zweespuereg do, mee: "Wou den Dossier genau drun ass, dat wësse mir als Gemeng leider och net.", sou den Iechternacher LSAP-Schäffe Ben Scheuer.

Well et ëm eng Staatsstrooss geet, ass d’Stroossebauverwaltung zoustänneg.

"Et schleeft. Et schleeft schonn ze laang. Et ass och eng Plaz, déi net grad ongeféierlech ass. Dat heescht mir als Gemeng wiere frou, wann do elo esou schnell wéi méiglech eppes géif geschéien."

Wéini d’Aarbechten ufänken, konnt Ponts et Chaussées net soen. Just esou vill: d’Soumissioun wier amgaang.

Erschwéierten Accès an de Mëllerdall

Souwäit ass et op enger anerer Plaz, net wäit ewech, nach net: Beim Schéissendëmpel steet lo schonn 3 Joer eng rout Luucht. Et geet just eespuereg laanscht. Och do ass den Hang a mat him e Stéck Trottoir gerëtscht. D’Plaz läit op Konsdrefer Territoire, mee well den Zougang an de Mëllerdall erschwéiert gëtt, fillt och d’Waldbëlleger Gemeng sech concernéiert.

D'Strooss beim Schéissendëmpel. | © Maurice Molitor
D'Strooss beim Schéissendëmpel. (Foto: Maurice Molitor)

Hir Buergermeeschtesch Andrée Henx-Greischer weess och näischt Geneeës.

"Nee, richteg Informatiounen hu mir och keng. Mir hunn och schonn e puer Mol nogefrot. Et soll anscheinend e Projet ginn, mee deen hu mir nach net gesinn. Mir wieren natierlech frou wa mir do vu Ponts et Chaussées géifen e bësse mat agebonne ginn, well mir och no Léisunge siche fir d’Zougäng op d’Wanderweeër iwwer d’Schwaarz Ernz ze kréien, mee leider hu mir bis elo nach näischt kritt."

D’Aarbechten do géife fréistens an engem bis annerhallwem Joer kënnen ufänke, seet Ponts et Chaussées op Nofro hin. An erkläert dee laangen Delai, mat spezielle Buerungen, déi d’Waasserverwaltung virgeschriwwen hätt. 

Lauschterenplay_arrow