search

/ Och de Findel an erhéichter Sécherheetsbereetschaft

No Dronenattacken am Ausland

|
headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow

Och de Findel an erhéichter Sécherheetsbereetschaft

Am Kader vun de rezenten Dronevirfäll, zum Beispill an Dänemark, wier och de Findel zu Lëtzebuerg an erhéichter Sécherheetsbereetschaft, seet de Generaldirekter vu lux-Airport Alexander Flassak.

headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow
Den Alexander Flassak ass CEO vu lux-Airport. | © Jo Diseviscourt
Den Alexander Flassak ass CEO vu lux-Airport. (Foto: Jo Diseviscourt)

Drone beanträchtegen d'Landesystemer an och de Flugbetrib vun zum Beispill Helikopteren. Bis ewell hätt et nach keng gréisser Tëschefäll zu Lëtzebuerg ginn. Héchstens vereenzelt Fäll vun Hobbypiloten, déi net express ze no un de Findel erukoum wieren, esou de Generaldirekter vu lux-Airport.

Nees e Rekordjoer fir de Findel

Et wier een zefridde mat dësem Joer, esou den Alexander Flassak. Et wäert een dëst Joer 5,2 Millioune Passagéier zielen. Op de Spëtzendeeg hätt ee ronn 19.000 Passagéier pro Dag um Findel gezielt.

Et géif een och gesinn, datt ee sech a Punkto Waardezäite géif verbesseren. An et géif een am europäesche Verglach gutt do stoen.

A Saache Parkplazen, do géif een den Effekt vum Tram däitlech spieren, esou de Generaldirekter. D'Parkplazsituatioun hätt sech berouegt zënter den Tram eng Méiglechkeet ass fir de Findel ze erreechen. 13 Prozent vun de Passagéier géifen den Tram benotzen.

Verdueblung bis 2050

Den Alexander Flassak confirméiert d'Aussoe vun der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes, datt d'Passagéierzuelen sech bis 2050 nach eemol wäerte verduebelen op 10,6 Millioune pro Joer. Dann hätt een och endgülteg d'Kapazitéite vum Findel erreecht, och wat den Ausbau vum Flughafen ugeet.

“Deshalb finde ich es auch von der Politk verantwortungsbewusst und virausschauend, dass man sich jetzt schon Gedanken über einen neuen Flughafenstandort macht.”

Problemer mat der Start- a Landepist

Et wäerte weider Sanéierungsmoossnamen néideg sinn, seet den Alexander Flassak. Et hätt een net dat erwaarte Resultat erreecht, mee et wier een elo nach an engem “konstruktiven Austausch”. De Wee viru Geriicht wier awer ëmmer nach eng Optioun. Den Hannergrond zu de Problemer mat der Pist fannt Dir hei. 

play_arrow Lauschteren