De Gesetzprojet vun Unioun an SPD wëll de Pensionsniveau an Däitschland stabiliséieren. Bis 2031 soll déi duerchschnëttlech Pensioun 48 Prozent vum duerchschnëttleche Salaire bedroen. Laangfristeg wäert dee Pensiounsniveau vun 48 Prozent erofgoen.
Problem ass hei, datt ëmmer méi Leit an d'Pensioun ginn, awer ëmmer manner jonk Leit an d'Pensiounskeess abezuelen. Dofir muss de Staat agräifen a Suen drop leeën, fir déi Differenz do auszegläichen. Däitschland huet awer praktesch keng Reserven an der Pensiounskeess.
Jonk Uniounsdeputéiert aus dem Bundestag stéiere sech um ugepeilte Niveau
Déi jonk Uniounsdeputéiert stéiere sech dorun, datt ee beim Niveau net vu 46 Prozent géif ausgoen. Mat deenen 48, wéisst ee nämlech net, wéi et no 2031 géif viru goen. Mat engem bestännege Niveau vu 46 Prozent kéint ee längerfristeg plangen, esou déi jonk Deputéiert.
Jonk SPD Gesäit et anescht
Fir déi Jonk SPD wier et kee Konflikt tëschent Jonk an Al, mee éischter vun Aarm géint Räich. D'Reform wier, an hiren Aen, an éischter Linn e Mëttel géint Altersaarmut.