/ Och Lëtzebuerger Zaldote leiden ënner posttraumateschem Stress
PTBS
Och Lëtzebuerger Zaldote leiden ënner posttraumateschem Stress
Och Lëtzebuerger Zaldote waren an de 90er Joren am Krich am deemolege Jugoslawien am Asaz. Datt si a Friddensmissiounen an net un der Front waren, heescht net, datt net och si traumatesch Erliefnisser haten. Joren no hirem Asaz musse Betraffener nach mat PTBS liewen an iwwer vill Hürde goen.
De Sylvain Eberhardt war 1992 am Krich am deemolegen Jugoslavien am Asaz (Foto: Sylvian Eberhardt)
De René Meneghetti war als Ënneroffizéier an der Arméi am deemolege Jugoslawien am Asaz. An der Missioun selwer ware vill Situatiounen, an deenen hie gesot krut, datt e sollt Psycholog ginn. No sengem Asaz huet en dann och déi Ausbildung gemaach.
De Psycholog erkläert, datt PTBS net just Zaldote betrëfft mee och aner Leit, déi traumatesch Erliefnesser net richteg verschaffe konnten, well an dem Moment eng Missioun z'erfëlle war.
PTBS ka sech no sechs Méint, engem Joer oder souguer no engem Joerzéngt wierklech bemierkbar maachen, erkläert de Psycholog. E sougenannten „Trigger“ léist Flashbacken an Emotiounen aus, déi Betraffen net ageuerdent kréien. Doraus entsteet Frust an dacks och Aggressioun.
Situatioune gi ganz anescht ageschat
Mat beispillsweis Alkohol oder iwwerméissegem Sport gëtt probéiert, déi Emotiounen ze ënnerdrécken an ze kompenséieren. D‘Bezéiunge leiden dacks drënner, well alldeeglech Situatiounen an d‘Emotiounen net méi richteg ageschat kënne ginn.
De René Meneghetti erzielt zum Beispill vun enger Situatioun um Schéissstand, wou eng Persoun e falsche chargé armes gemaach huet.
„Wou ech praktesch aus de Këscht gefuer sinn, well deen dat net konnt. Well fir mech, hannendrun dee Film war: Wann deen dat lo net richteg mécht, da si Leit a Gefor. An dat war awer guer keng sou dramatesch Situatioun, well mir waren um Schéissstand an et ware just Zilscheiwen do.“
De René Meneghetti ass fréieren Ënneroffizéier an elo Psycholog (Foto: Morgane Weidig) (Foto: Morgane Weidig)
Schamgefill, dat dacks dominéiert
De Sylvain Eberhardt, war och am deemolege Jugoslawien am Asaz an ass elo betraff vu posttraumateschem Stress. Fir hien huet sech PTBS doduerch gewisen, datt hien am Alkohol e Fluchtwee gesicht huet, an Aggressiounsproblemer hat.
D‘Symptomer hate sech och schonn éischter bemierkbar gemaach, mee de Sylvain Eberhardt erkläert, datt hie se net wollt wouerhuelen, oder sech domat befaassen: E Mann, a virun allem en Zaldot soll jo „keng Schwächte weisen“.
Scham, fir iwwer seng Gefiller ze schwätze wier oft eng éischt Hürd, éier d‘Leit ufänke sech Hëllef ze sichen. Virun zwee bis dräi Joer wier säi Liewen awer "zesummegefall wéi e Kaartenhaus", an hien huet decidéiert, sech Hëllef ze froen.
Raus aus der „Zaldotewelt“
Et géif verschidde Behandlungsusäz: Traumatherapie, Verhalenstherapie oder EMDR. Dacks géif och op stationär Therapie zeréck gegraff ginn, fir eng Kéier ganz aus dem Alldag eraus ze kommen.
De Sylvain Eberhardt ass grad an enger stationärer Therapie. Am Ausland, well zu Lëtzebuerg sinn d‘Méiglechkeete begrenzt. Einfach wier et net, well ee geziilt mat dem konfrontéiert gëtt, wat een erlieft huet. Mee et géif een och léieren, datt et ee Liewe baussent der „Zaldotewelt“ gëtt an där hie sech bis elo gefaange fillt.
„Meng lescht Therapie, do ass de Krich an der Ukrain ugaangen. Dat bréngt mech direkt an eng defensiv Astellung an och an eng offensiv Astellung. Defensiv doheem, datt een dann denkt: wat mëss de? De Krich steet virun der Dier vun Europa. An offensiv: wat mëss du lo selwer? Gëss du lo rëm aktiv oder net?“
Et wier keen adequat Liewen, ënnersträicht de Sylvain Eberhardt an hie wëll do eraus.
„Du kanns och Schwächte weisen“
Eleng d‘Medikamenter gi fir hien net duer. Hien huet och ugefaange méi Sport ze maachen.
Mat enger Sportchallenge, déi hien 2022 gemaach huet, wollt hien op de PTBS opmierksam maachen an d‘Leit sensibiliséieren. Mee och fir sech selwer, fir sech ëmmer nees bewosst ze maachen, datt hien net eleng ass.
„Du bass net deen Zaldot, dee muss ëmmer riicht do stoen. Du kanns och mol Schwächte weisen.“
Fir dëst Joer huet de fréieren Zaldot sech virgeholl, no der stationärer Therapie, zeréck op déi Plaz ze reesen, wou hien 1992 stationéiert war.
Finanziell an emotional Hürden
Hei am Land Hëllef ze kréien ass schwiereg, betount de Renée Meneghetti. Och elo, wou d‘CNS en Deel vun der Psychotherapie bezilt. D‘Eegefinanzéierung géif trotzdeem an en dausende Betrag goen.
Iwwer d‘Associatioun AACSPL, (Associaton des Anciens Combattants de la Guerre 1939-1945, des Forces des Nations Unies et des Soldats de la Paix Luxembourgeois) vun där de Sylvain Eberhardt President ass an an där och de René Meneghetti sech engagéiert, kënne betraffen Zaldote sech Hëllef sichen a bei der Eegefinanzéierung vun der Associatioun gehollef kréien. Et wier wichteg, datt nieft den emotionalen Hürden, net och nach déi finanziell am Wee steet.
Statut vum Veteran
De fréiere Verteidegungsminister hat an Aussiicht gestallt, datt de Statutt vum Veteran an domat d‘Ënnerstëtzung am Gesetz verankert gëtt.
Dat géif och d‘Associatioun, déi komplett op Fräiwëlleger an op Spenden ugewisen ass, immens entlaaschten, betount de President. Mat deem Statut hätten d‘Lëtzebuerger Zaldoten nämlech och Accès op déi méi spezialiséiert Militärspideeler.
Déi zwee fréier Zaldote weise sech zouversiichtlech, datt dee Statut och mat der neier Verteidegungsministerin wäert agefouert ginn.