arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och Lëtzebuerg erkennt Palästina offiziell als Staat un

"Der Hoffnung eng Chance ginn"

|
headphones

2 min

Och Lëtzebuerg erkennt Palästina offiziell als Staat un

Déi Annonce huet de Premier Luc Frieden den Dag virun der UNO-Generalversammlung zu New York gemaach, bei enger Konferenz am Plenarsall, wou kuerz virdrun och den Emmanuel Macron deen nämmlechte Schrëtt vu Frankräich annoncéiert huet.

headphones

2 min

© Ausseministère
(Foto: Ausseministère)

Vum Philip Crowther vun New York

Iwwer 150 Länner erkennen de palästinensesche Staat elo offiziell un. Dat si knapps iwwer 75 Prozent vun de Memberlänner. Lëtzebuerg mécht dat net eleng: D'G7-Memberlänner Kanada a Groussbritannien hunn de Schrëtt och gemaach. Däitschland an notamment d'USA net.

De Premier Luc Frieden beschreift d’Entscheedung vun der Regierung als eng schwiereg Decisioun vis-à-vis vun Israel, mee eng bei där d'Koalitiouns-Regierung d'accord war.

Et wier eng schwiereg mee richteg Decisioun, esou de Luc Frieden

"Mir hunn zënter Joerzéngte gesot, mir wëllen eng Zweestaateléisung an d‘Fro war ëmmer, wéini ass de richtege Moment? A mir waren der Meenung, datt dee Moment komm ass, aus deem Grond, datt d‘Zweestaateléisung um Terrain ëmmer méi wäit fortgeet. Den Netanjahu wëllt keng an den Hamas och net. An dofir war ech als Regierungschef der Meenung, datt een elo misst déi Decisioun huelen, fir der Hoffnung eng Chance ze ginn."

Luc Frieden: Keng Decisioun géint Israel

En Impakt um Terrain, also op de Krich, erwaart ee sech keen. An och op der UNO feelt nach e weidere Schrëtt, deen den Ament onméiglech schéngt. Well de Sécherheetsrot muss zoustëmmen, wa Palästina och vun der UNO soll als Memberstaat unerkannt ginn. An do hunn d'USA, Alliéiert vun Israel, e Veeto anzeleeën.

Kuerzfristeg verbessert dës offiziell Unerkennung d'Relatioun vu Lëtzebuerg mat den USA, a mat Israel, op jiddwer Fall net.

"Dat ass sécherlech eng Suerg, déi mir hunn. Mee ech hunn a menger Ried kloergemaach, datt d‘Decisioun net géint Israel oder géint d‘Judden ass. Lëtzebuerg steet weider un der Säit vun Israel."

Konkreet Schrëtt no dëser Unerkennung gëtt et der direkt keng, et gi keng Ambassaden oder Konsulater opgemaach. Et ass e symbolesche Schrëtt, en diplomateschen.

De Philip Crowther huet zu New York mam Lëtzebuerger Premier a mam Ausseminister geschwat

play_arrow Lauschteren