arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Streik géint Reform vum Aarbechtsmarché suergt besonnesch am Verkéier fir Stéierungen

Portugal

|
reading time

1 min

Streik géint Reform vum Aarbechtsmarché suergt besonnesch am Verkéier fir Stéierungen

Et ass déi zweete Kéier schonn, datt landeswäit géint déi geplangte Reforme vum portugiseschen Aarbechtsmarché gestreikt gëtt. Besonnesch am Verkéier kënnt et zu Stéierungen. Zu Lissabon stoung gëschter Owend schonn d'Stroossebunn.

reading time

1 min

© EPA/HUGO DELGADO
(Foto: EPA/HUGO DELGADO)

Bal d'Hallschent vun de Flich am ganze Land sinn haut ausgefall. Am Bus- a Schinneverkéier ass just den Noutdéngscht besat. 

Och an de Schoulen an op den Universitéiten, grad ewéi a Klinicken oder am ëffentleche Secteur hunn d'Salariéen hir Aarbecht néiergeluecht. Well och déi streiken, déi d'Poubellen eidel maachen, fänkt den Dreck an de Stroossen sech un ze sammelen. 

Gestreikt gëtt géint déi geplangte Reform vum Ministerpresident Luis Montenegro. Mat der Reform soll d'Produktivitéit an d'Kompetitivitéit eropgoen an den Aarbechtsmarché un den digitale Wandel ugepasst ginn. Fir d'Gewerkschafte kënnt mat der geplangter Reform awer ëmmer méi Drock op d'Salariéen an et gëtt eng Normaliséierung vu prekären Aarbechtsbedingunge gefäert.

Déi portugisesch Gewerkschafte weisen sech duerch déi grouss Bedeelegung um Streik vun haut optimistesch. D'Lëtzebuerger Gewerkschaft OGBL huet sech de Moien an engem Communiqué solidaresch erkläert.