arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Douanestaxen op 1. August verréckelt

USA

|
headphones

1 min

Douanestaxen op 1. August verréckelt

D‘USA hunn déi méi héich Douanes-Taxen op den 1. August verréckelt, mee d‘Onsécherheet op de Mäert ass domat net vum Dësch, en Enn vum Taxesträit ass net a Siicht.

headphones

1 min

© picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann/SVEN SIMON
(Foto: picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann/SVEN SIMON)

Fir d‘EU-Länner huet den US-President den Delai, deen um Mëttwoch sollt auslafen, bis den 1. August verlängert.

Den Donald Trump huet awer och nei Taxe fir 14 Länner annoncéiert an d‘Bréiwer publizéiert, déi hien deene Länner geschéckt huet.

Fir Japan a Südkorea solle 25 Prozent Douanestaxe gëllen, fir Südafrika 30 Prozent, a fir Laos a Myanmar 40 Prozent.