Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Antonio Guterres skandaliséiert iwwer israeelesch Bombardementer

Appell un Israel

Antonio Guterres skandaliséiert iwwer israeelesch Bombardementer

Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet un Israel appelléiert de Waffestëllstand am Gaza direkt anzehalen. Déi humanitär Hëllef misst bei d'Palästinenser duerchgelooss an d‘Geisele misste fräigelooss ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Michael Kappeler
(Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler)

Hie wier skandaliséiert iwwer déi israeelesch Bombardementer vun der Zivilpopulatioun, bei deene 400 Leit ëm d'Liewe koumen, esou den UN-Generalsekretär.

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet iwwerdeems d'Virwërf zeréckgewisen, datt hie Gaza just aus innepolitesche Grënn géif bombardéieren. Kritiker geheien dem israeelesche Premier ëmmer nees vir, guer net un enger Léisung fir de Gaza interesséiert ze sinn. De Konflikt géif säi politescht Iwwerliewe garantéieren.